Park Café war eng lëtzebuergesch Popgrupp, déi 1986 vum Gast Waltzing ënner dem Numm Parc Café gegrënnt ginn ass.
D'Haaptzil dovu war, senger Fra Maggie Parke et z'erméiglechen, hir Kreativitéit voll z'entfalen. Déi aner Museker am Grupp, ausser dem Maggy, waren am Ufank déi selwecht wéi am Grupp Atmosphere, awer de Musekstil war e ganz anere wéi bei Atmosphere. D'Grupp ass op verschiddene Concerten och nach mat zousätzleche Museker opgetrueden, dorënner och d'Marion Welter.
Den 20. Juni 1987 war um Glacis e groussen internationalen Open-Air-Concert ënner dem Motto "L'Europe en musique", organiséiert vun der lëtzebuergescher Regierung, derEG an der CLT. Park Café huet dobäi Lëtzebuerg vertrueden an hat e groussen Erfolleg bei zirka 20 000 Leit am Publikum. Duerch dësen Optrëtt krute se e Kontrakt bei der Firma BMG.
1989 sinn et e puer Ëmbesetzungen an der Grupp ginn. Den Numm vun der Grupp ass vu Parc Café op Park Café geännert ginn.
Si huet Lëtzebuerg 1989 um Eurovision Song Contest zu Lausanne an der Schwäiz vertrueden. Mat dem Lidd "Monsieur" ass si dobäi op déi 20. (drëttlescht) Plaz komm.
1990 hunn nees 3 Leit d'Grupp verlooss. Et blouf en haarde Kär mat Maggy Parke, Gast Waltzing, Rom Heck a Rainer Kind am Grupp, déi aner Museker ware fir all Aktivitéit austauschbar.
1992 gouf déi lescht CD opgeholl an hat groussen Erfolleg. Trotzdeem gouf et vun 1993 u keen Optrëtt méi. D'Ursaach war Zäitmangel wéinst anere musikaleschen Aktivitéite vum Gast Waltzing a Maggy Parke.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Park Café, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.