Den Nëssert am Konviktsgaart ass en Nëssert (Juglans regia L.; noyer commun; Walnussbaum) deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert a fräi op engem klengen Hiwwel am fréiere Konviktsgaart an der Stad Lëtzebuerg steet.
Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg | |
---|---|
Den Nëssert am Konviktsgaart (Juni 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Uewerstad |
Adress | 36, Avenue Marie-Thérèse |
Koordinaten | 49°36'22,28"N, 6°7'13,08"O |
Bamaart | Zamen Nëssert |
Héicht | 21,1 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,32 m (2023) |
Ëmfang | 4,15 m (2023) |
Gutt ze gesinn ass de Bam vun der Avenue Marie-Thérèse an och dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte aus. An der Nuecht ass de Bam beliicht.
De Nëssert huet beim Bau vum Altersheem am Konviktsgaart gestéiert, an nëmmen duerch déi energesch Interventioun vun engagéierte Bam-Amateure konnt en erhale bleiwen.
Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 18 m; Duerchmiesser vum Stamm: 0,92 m (op Broschthéicht). D'Moosse vun 2023 sinn en Duerchmiesser vun 1,32 m bei enger Héicht vun 21,1 m.
Commons: Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.