Menton (it: Mentone) ass eng Stad am franséischen Departement Alpes-Maritimes op der Côte d'Azur.
Si huet ongeféier 30.000 Awunner.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | PACA | ||||
Departement | Alpes-Maritimes | ||||
Arrondissement | Nice | ||||
Kanton | Canton de Menton | ||||
Postcode | 06500 | ||||
Gemengecode | 06083 | ||||
Koordinaten | 43° 46’ 30’’ N 07° 30’ 00’’ O | ||||
Fläch | 1 405 ha | ||||
Bevëlkerung | 28 812 (1999) |
Well Menton op der Côte d'Azur läit an duerch d'Ausleefer vun den Alpe geschützt ass, zeechent d'Stad Menton sech duerch säi besonnesch mëlle Klima aus. Och am Wanter bleiwen d'Temperature relativ héich, wat an der Moyenne mat sech bréngt, datt et eng vun de wäermste Stied a Frankräich ass. Doduerch fënnt een a ville Gäert a Plantagen exotesch Friichten déi do gutt weiderkommen, an och ëmmer zeideg ginn.
Am Weste vun der Stad op der Colline de Pépin waren déi éischt Siidlunge mat engem Schlass.
D'Seigneurie Puypin (Podium Pinum) ass am 13. Joerhonnert un d'Famill Vento vu Genua gaangen, déi do e Schlass gebaut huet, an domat de Grondstee fir déi haiteg Stad geluecht huet.
1346 gouf se vun de Grimaldie vu Monaco kaaft, a blouf ënner deenen hirer Herrschaft bis 1848, wéi se sech selwer als fräi Stad deklaréiert huet, ënner dem Protektorat vum Kinnek vu Sardinien.
Bei engem Referendum 1860 huet d'Stad sech decidéiert datt se wollt zu Frankräich gehéieren.
Commons: Menton – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Menton, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.