De Marco Mille ass e lëtzebuergesche Sozialwëssenschaftler (Politolog, Germanist a Soziolog) an héije Beamten, a fréieren Direkter vum Service de renseignement de l'État (SREL), dem Lëtzebuerger Inlands-Geheimdéngscht.
Marco Mille | |
---|---|
Aktivitéit | Sozialwëssenschaftler |
Hien huet op der Fakultéit fir Sozialwëssenschafte vun der Universitéit vu Freiburg im Breisgau geschafft a gouf 1993 héije Beamten am Lëtzebuerger Ausseminstère. Hien huet ufanks bei der Westeuropäescher Unioun geschafft, ass 1996 op Lëtzebuerg an den Ausseministère schaffe gaangen an am Februar 1998 bei de SREL, wou en ufanks Chef de Branche war an dunn, vun 2003-2010, Direkter.
Hien hat am Januar 2007 heemlech mat enger preparéierter Auer e Gespréich tëscht him a sengem direkte Chef, dem Premier Jean-Claude Juncker opgeholl. Dat Gespréich goung ë. a. ëm eng verschlësselt CD, déi de Geheimdéngscht zougespillt kritt hat, an op där e Gespréich tëscht dem Premier Juncker an dem Groussherzog Henri soll sinn.,. Nodeem Enn 2008 e SREL-Mataarbechter dem Premier vun der Existenz vun där Opnam erzielt hat, huet dësen de 16. Dezember 2008 de Marco Mille mat de Virwërf konfrontéiert. Hie blouf awer nach iwwer e Joer am Amt, ier en zum 1. Mäerz 2010 e Congé sans solde vu 7 Joer ugefrot huet, fir bei den däitsche Siemens-Konzern schaffen ze goen, wou e Sécherheetschef ass.
De Parquet huet wéinst dem illegalen Enregistrement vum Jean-Claude Juncker géint de Marco Mille enquetéiert, allerdéngs ass d'Prescriptioun depasséiert an d'Affär verjäert.
Säi Virgänger beim Service de renseignement war de Charles Hoffmann, säin Nofollger gouf de Patrick Heck.
Wéi si och gouf de Marco Mille de 15. Januar 2013 an der SREL-Enquêtekommissioun zu der "Auer-Affär" an der duerno bekannt gemaacher katastrophaler Organisatioun vum SREL ugehéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marco Mille, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.