D'Luxembourg High Security Hub ass eng lëtzebuergesch Aktiegesellschaft déi am Beräich vum Fluchhafe Lëtzebuerg zanter 2014 eng Fräihandelszon bedreift.
Bis 2021 huet se Luxembourg Freeport geheescht.
Luxembourg High Security Hub | |
---|---|
E Gank am High Security Hub | |
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungsdatum | 01.08.2012 |
Sëtz | Parishaff L-2315 Sennengerbierg Lëtzebuerg |
Leedung | Philippe Dauvergne (President vum CA) |
Homepage | lux-hsh.com |
D'Gebai mat 22.000 Meterkaree op 4 Stäck gouf vum Architektebureau 3BM3 entworf, d'Bannenariichtung ass vun der Johanna Grawunder. Am Atrium ass e grousst Wandbild vum portugiseschen Artist Vhils an enger vun de Bëtongswänn agravéiert.
D'Infrastruktur erlaabt de Stockage vu Konschtwierker an anere Wäertgéigestänn an Depoten an deenen d'Temperatur an d'Loftfiichtegkeet regléiert kënne ginn. D'Sécherheet vun der Anlag gëtt an éischter Linn duerch e System mat méi wéi 300 Iwwerwaachungskameraen assuréiert. Eng zousätzlech Sécherheetsinfrastruktur ass e Brandschutzsystem, deen de "Sauerstoff aus der Atmosphär suckelt", amplaz Waasser ze benotzen, dat Konschtwierker beschiedege kéint.
D'Anlag ass vu Mauere mat pickegem Drot ëmginn an déi véier Goldtresoren hu 50 cm déck metallen Dieren. Et gëtt och véier speziell klimatiséiert Raim, an deene bis zu 700.000 Fläsche Wäin gelagert kënne ginn.
De Luxembourg High Security Hub deen 2012 op Staatsterrain gebaut gouf, gehéiert majoritär dem Schwäizer Philanthrop a Konschthändler Yves Bouvier, deen och majoritär un de Fräihäfe vu Singapur a Genève bedeelegt ass. De Bouvier war eng vun dräi Persounen, déi am Februar 2015 zu Monaco wéinst Verdacht op Bedruch festgeholl goufen.
2018 hunn zwéin Deputéiert vum Europäesche Parlament, d'Ana Gomes an den Erny Regner de Lëtzebuerger Fräihafe wéinst Manktem un Transparenz kritiséiert. An hirer Analys iwwert Geldwäsch a Steierhannerzéiung an der EU tëscht 2015 an 2017 koume si an hirem Ofschlossrapport zur Konklusioun, datt Fräihandelszonen Offshore-Depoten ubidden, déi Geldwäsch a Steierhannerzéiung begënschtege kéinten. Déi sougenannt Bouvier Affär gouf och an enger Etüd vun der Europäescher Kommissioun aus dem Joer 2018 ernimmt.
Am Januar 2019 huet den däitschen Europadeputéierten Wolf Klinz e Bréif un de Jean-Claude Juncker, deemolege President vun der Europäescher Kommissioun geschéckt, an huet gefrot datt Moossname missten ergraff gi fir sougenannt „Schlupflächer“, déi et erméiglechen Finanzkriminalitéit an der EU z'organiséieren, zouzemaachen. Aner Deputéiert hunn duerno gefuerdert fir Fräihandelszone bannent der EU zu verbidden.
D'Management vum Fräihafen huet dës Virwërf awer bestridden an ë. a. betount datt et prioritär drëm geet fir d'Assurancëprimmen erofzedrécken an net fir Steierhannerzéiung zu bedreiwen.
Am Mäerz 2020 huet de fréiere Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Robert Goebbels, dee vun 2015 u President vum Verwaltungsrot war, säi Mandat néiergeluecht, well e sech mam Yves Bouvier net eens gouf iwwert en zukünftegt Geschäftskonzept vun der Firma. Zanter dem 21. Juli 2020 gëtt de Luxembourg High Security Hub vum Philippe Dauvergne presidéiert.
Commons: Luxembourg High Security Hub – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Luxembourg High Security Hub, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.