D'Kirren ass eng Lackjuegd, wou d'Wëld mat klenge Quantitéite Fudder gelackelt gëtt fir et dann, kuerz nom Ausleeë vum Fudder, ofzeschéissen.
D'Fiddere vum Wëld, wat iwwert dat hei beschriwwent Kirren erausgeet, ass verbueden.
Eng Salzleck ass kee Kirren an ass ouni Beschränkungen erlaabt.
Et sinn erlaabt: Rommelen, Hee, Gras, Gras-silage, Muerten, regionaalt Uebst, Trester mat oder ouni vermëschter Huewer.
Et si maximal fënnef Liter pro Kirrplatz erlaabt.
D'Idderzer däerfen nëmme wärend den Ëffnungszäiten vum Hirsch gekirrt ginn.
Et sinn nëmme Kären a Mais erlaabt. Déi Produite musse sou ausgeluecht ginn, datt d'Idderzer net drun kommen.
Et ass ee Liter Kären oder Mais pro Kirrplaatz erlaabt.
Fir all 50 Hektar Bësch, an nach eng fir déi ugebrachen 50 Hektar, ass eng Kirrplatz fir d'Idderzer an eng fir d'Allesfrësser erlaabt. Déi exakt Koordinate vun de Plaze mussen der Natur- a Bëschverwaltung gemellt ginn.
D'Plaze mussen am Bësch sinn, ausser déi fir den Hirsch.
D'Kirre muss manuell geschéien. Automatesch Apparater esou wéi d'Ausleeë vun net natierlechen oder verschaffte Liewensmëttel, vu verduerwene Produiten, vu Fleesch oder verschafftem Fleesch si verbueden. De Minster kann, am Kader vun der Bekämpfung vun enger Seuch, erlaben, datt Liewensmëttel mat zousätzleche Chemikalien ausgeluecht ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kirren, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.