D'Kierch vum Briddel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Koplescht gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Briddel | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Konsekratioun | 19. Mäerz 1972 | |||
Architekt(en) | René Schmit | |||
Koordinaten | 49° 39’ 23.3’’ N 06° 04’ 44.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Grondstee fir d'Briddeler Kierch gouf den 9. November 1969 geluecht. D'Pläng ware vum Briddeler Architekt René Schmit. Se gouf den 19. Mäerz 1972 vum Bëschof Jean Hengen geweit.
Den 21. Juni 2017 gouf s'op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.
Den Tabernakel an d'Kräiz si vum Jean Thill, den Dafsteen vun Thill a Schmit.
Déi 307 m2 abstrakt Glasbëtongsfënstere si vum Mett Hoffmann a Jean Thill.
D'Diere goufe vun der Maggy Stein entworf a weisen engersäits d'Schëpfung an anerersäits e Liewensbam.
Am Joer 1990 krut d'Kierch eng Uergel vun der Firma Kleuker vu Bielefeld-Brackwede.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kierch Briddel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.