D'Keeserthermen zu Tréier sinn déi jéngst vun den dräi réimeschen Therme vun Tréier.
Ufanks vum 4. Joerhonnert gebaut, huet déi haut androcksvoll Ruin, zu de gréissten Therme vum réimesche Räich gehéiert.
Iwwereg ass haut nach de Caldarium, de Sall fir waarm ze bueden, iwwer deen ee bei déi ënnerierdesch Steiergäng, déi fir d'Hëtzen an Entwässere vun der Anlag do waren, an dat kaalt Bad Frigidarium kënnt. A sechs Kesselraim, vun deenen der haut nach véier ze gesi sinn, konnt dat kaalt Waasser erhëtzt ginn. D'Zil vum Ëmbau an der zweeter Hallschent vum 4. Joerhonnert war warscheinlech d'Konstruktioun vun engem Keeserforum.
Wéi all réimesch Bauten aus der Stad, goufen och d'Keeserthermen am Mëttelalter als Steebroch benotzt. Gläichzäiteg huet de Rescht vum Gemaier als Deel vun der mëttelalterecher Stadmauer gedéngt. Haut gehéiert déi Anlag zu der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen a bitt mat 650 Sëtzplaze genuch Plaz fir am Summer Theaterstécker opzeféieren.
Commons: Thermae in Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Keeserthermen (Tréier), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.