D'José Ensch (Marie Josèphe Jeanne Ensch), gebuer de 27.
Oktober">27. Oktober 1942 zu Lëtzebuerg-Hollerech, gestuerwen de 4. Februar 2008 zu Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Dichterin.
José Ensch | |
---|---|
Gebuer | 7. Oktober 1942 Hollerech |
Gestuerwen | 4. Februar 2008 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller |
No der Première, déi si 1961 am Lycée de jeunes filles de Luxembourg gemaach hat, huet si Däitsch, Franséisch a Latäin op den Universitéite vu Bonn, Nanzeg a Paräis studéiert.
Si war Sproocheprofessesch am Lycée de jeunes filles de Luxembourg (d'Schoul heescht zanter 1972 Lycée Robert-Schuman), wou si Franséisch enséignéiert huet.
D'José Ensch war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, vun der Sektioun Arts et lettres vum Institut grand-ducal an zanter 2000 vun der Sektioun Luxembourg, enger Extensioun vun der Université libre de Bruxelles.
D'José Ensch war Vizepresidentin vun den Amis de la maison de Victor Hugo zu Veianen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article José Ensch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.