De Jores Iwanowitsch Alfjorow (Russesch: Жоре́с Ива́нович Алфёров), gebuer de 15.
Mäerz">15. Mäerz 1930 zu Witebsk, an der Wäissrussescher SSR (UdSSR), a gestuerwen den 1. Mäerz 2019 zu Sankt Petersburg, a Russland, war en sowjetesche resp. russesche Physiker.
Jores Iwanowitsch Alfjorow | |
---|---|
Gebuer | 15. Mäerz 1930 |
Gestuerwen | 1. Mäerz 2019 Sankt Péitersbuerg |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Russland |
Aktivitéit | Physiker, Politiker, Erfinder, Deputéierten an der Duma |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
Member vun | Leibnitz-Gesellschaft, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, Akademie der Wissenschaften der DDR, Accademia Nazionale delle Scienze |
Hie war vun 1987 bis 2003 Direkter vum Joffe-Institut zu Sankt Péitersbuerg. 2000 krut hien, zesumme mam Herbert Kroemer an Jack S. Kilby, de Nobelpräis fir Physik.
Hien huet virun allem iwwer Hallefleederlaser gefuerscht - déi Zort Laseren, déi haut z. B. bei Barcodescanneren, CD-Spiller oder Laserdréckeren zum Asaz kommen.
Vun 1989 war hie Vizepresident vun der Sowjetescher resp. Russescher Akademie vun de Wëssenschaften. Hie war och zanter 1995 Member vun der russescher Duma.
Säi Virnumm ass en Hommage un de Jean Jaurès.
Commons: Jores Iwanowitsch Alfjorow – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jores Iwanowitsch Alfjorow, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.