Den John Dalton, gebuer de 6.
September">6. September 1766 zu Eaglesfield, Cumberland, a gestuerwen de 27. Juli 1844 zu Manchester, war en englesche Cheemiker an Naturwëssenschaftler. No him gouf déi alternativ Bezeechnung Dalton (Da) fir d'Atomar Masseneenheet genannt.
John Dalton | |
---|---|
Gebuer | 6. September 1766 |
Gestuerwen | 27. Juli 1844 Manchester |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Physiker, Mathematiker, Meteorolog, Chimist, Botaniker |
Member vun | Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie |
Ier e sech fir d'Chimie intresséiert huet, war den Dalton Meteorolog. 1803 huet hien an enger Virliesung seng Atomtheorie detailléiert presentéiert. Säi wichtegst Wierk, an deem en déi Theorie beschreift, ass A new system of chemical philosophy (1808). Dora kommen déi heite Postulater vir:
Den Dalton huet och op engem anere Gebitt Pionéieraarbecht geleescht: Hie war deen éischten, deen d'Faarweblannheet wëssenschaftlech beschriwwen huet (Extraordinary facts relating to the vision of colours 1794). Hie war selwer faarweblann, an déi Anomalie vun der Vue gëtt och alt, him zu Éieren, Daltonismus genannt.
Commons: John Dalton – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article John Dalton, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.