D'Joan Alston Sutherland, DBE, gebuer de 7.
November">7. November 1926 zu Sydney an New South Wales, a gestuerwen den 10. Oktober 2010 zu Montreux-Les-Avants an der Schwäiz,, war eng australesch Sopranistin.
Joan Sutherland | |
---|---|
Gebuertsnumm | Joan Alston Sutherland |
Gebuer | 7. November 1926 Sydney |
Gestuerwen | 10. Oktober 2010 Genf |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Australien |
Aktivitéit | Operesänger |
Mat 19 Joer huet si hire Studium um Conservatoire zu Sydney ugefaangen. No éischten Optrëtter an Australie goung si 1951 op London fir hir Ausbildung weiderzeféieren. Ee Joer méi spéit ass si am Mozart senger Zauberflöte am Royal Opera House am Covent Garden opgetrueden, wou hir Begabung als Koloratursopranistin entdeckt gouf.
Si huet sech zu enger vun de beschte Sängerinnen an hirem Fach entwéckelt an huet an de gréissten Operenhaiser gesongen: 1959 an der Wiener Staatsoper, 1960 an der Mailänder Scala an 1961 an der New Yorker Metropolitan Opera, wou si d'Titelpartie am Gaetano Donizetti senger Lucia di Lammermoor gesongen huet. Vun hire Fans gouf se La Stupenda, „déi Wonnerbar“, genannt.
1961 krut d'Joan Sutherland den Uerden Dame Commander of the British Empire, 1978 den Titel Dame Commander an 1991 gouf se vun der Kinnigin Elizabeth II. mam Order of Merit ausgezéchent.
Si ass 1990 fir d'lescht opgetrueden. Dat war am Royal Opera House zu London an Die Fledermaus, zesumme mat dem Luciano Pavarotti an der Marilyn Horne.
Si war zanter 1954 mam australeschen Dirigent Richard Bonynge bestuet. Si hunn ee Jong, den Adam.
D'Joan Sutherland gëllt als eng vun de bedeitendste Sängerinne vum 20. Joerhonnert.
Sutherland gouf am Clarens VD Kierfecht begruewen. Nieft hirem Graf ass déi zukünfteg lescht Raschtplaz vun hirem Witmann.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joan Sutherland, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.