De Jean-Luc Lehners, gebuer 1978, ass e lëtzebuergeschen Astrophysiker.
Jean-Luc Lehners | |
---|---|
Gebuer | 1978 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Astrophysiker |
Hien huet Physik a Mathematik um Imperial College zu London an op der Universitéit vu Cambridge studéiert wou hien 2005 promouvéiert huet. Vun 2005 bis 2007 war hie wëssenschaftleche Mataarbechter am Department of Applied Mathematics and Theoretical Physics vun der University of Cambridge.
Hien huet vun 2007 bis 2010 als Postdoktorand am Princeton Center for Theoretical Science vun der Princeton Universitéit geschafft.
2010 war hien als Postdoktorand um Perimeter Institute for Theoretical Physics zu Waterloo, Ontario.
Zanter 2010 leet hien eng Aarbechtsgrupp um Max-Planck-Institut für Gravitationsphysik (Albert-Einstein-Institut) zu Potsdam-Golm déi am Beräich vun der Stringkosmologie fuerscht.
Am November 2018 huet de Jean-Luc Lehners säi Kanner- a Jugendbuch Buch Die Erde ist mein Raumschiff: Eine kurze Einführung in das Weltall für Kinder und Jugendliche presentéiert. D'Buch gëtt un d'Schüler vum Cycle 4 aus der Grondschoul verdeelt fir hinnen op eng einfach Aart a Weis eist aktuellt Wëssen iwwer d'Universum z'erklären.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean-Luc Lehners, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.