Jaime ass e Film vum António-Pedro Vasconcelos aus dem Joer 1999.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Portugal Lëtzebuerg Brasilien |
Première | 1999 |
Dauer | 111 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,66:1 |
Originalsprooch | Portugisesch |
Ekipp | |
Regie | António-Pedro Vasconcelos |
Dréibuch | Carlos Saboga António-Pedro Vasconcelos |
Fotografie | Edgar Moura |
Musek | Alain Jomy Rui Veloso |
Schnëtt | Frédéric Fichefet |
Produzent | Luís Galvão Teles António da Cunha Telles Jani Thiltges Claude Waringo |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
Saúl Fonseca als Jaime Fernanda Serrano als Marta Joaquim Leitão als Abel} | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Eng Fra, zesumme mat hirem Jong, verléisst hire Mann. Si wunnt elo bei hirem Frënd. De Jong versicht alles fir datt seng Mamm a säi Papp erëm zesummekommen.
D'Produktiounsgesellschaft Samsa Film krut 1999 eng "Aide à la distribution" vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 1,7 Millioune Lëtzebuerger Frang.
De Film krut 1999 de Spezialpräis vun der Kury vum Filmfestival vu San Sebastian a Spuenien, an de portugisesche Filmpräis Gëllene Globus ("Globo de Ouro") als beschte Film a fir de beschte Regisseur. 2000 gouf de Film mam Publikumspräis fir de beschte Spillfilm um Festival Caminhos do Cinema Português zu Coimbra ausgezeechent. Am selwechte Joer krut en och zwee Präisser beim Filmfestival vu Cannes: an der Kategorie "Grand Prix Cannes Junior" an de "C.I.C.A.E. Präis" vun der Confédération internationale des cinémas d'art et d'essai. Bei der 13. Editioun vum Europäesche Filmpräis am Joer 2000 war den Edgar Moura fir déi bescht Kameraaarbecht nominéiert.
Donieft war de Kameramann Edgar Moura fir seng Aarbecht um Film fir den Europäesche Filmpräis 2000 nominéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jaime (Film 1999), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.