Den Iwan Petrowitsch Pawlow (russ.: Иван Петрович Павлов, Ivan Petrovič Pavlov, gebuer de 14. Septemberjul./ 26. September 1849greg.
September">26. September 1849greg. zu Rjasan a gestuerwen de 27. Februar 1936 zu Leningrad, war e russesche Medezinner a Physiolog. Hie krut 1904 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin fir seng Aarbechten iwwer d'Verdauungsdrüsen. Hien huet weiderhin fundamental Studien iwwer Komportementsfuerschung gemaach an huet de Grondstee fir déi behavioristesch Léiertheorie geluecht.
Iwan Petrowitsch Pawlow | |
---|---|
Gebuer | 14. September 1849 jul. Rjasan |
Gestuerwen | 27. Februar 1936 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Sowjetunioun |
Educatioun | Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg |
Aktivitéit | Chimist, Dokter, Physiolog, Neurolog, Fuerscher |
Member vun | Royal Society, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie nationale de médecine |
De Pawlow huet ë. a. festgestallt, datt de Comportement op Reflexer zeréckgoe kann, an huet de Prinzip vun der klassescher Konditionéierung entdeckt. Dobäi huet en tëschent onkonditionéierten (oder natierlechen) a konditionéierte Reflexer (déi ee ka léieren) ënnerscheet.
Am bekanntste sinn d'Experimenter mam sougenannten Hond vum Pawlow: Nodeems hie festgestallt hat, datt en Hond schonn ufänkt, Spaut ze produzéieren, wann e Friesse gesäit, an net eréischt, wann en ufänkt ze friessen, huet de Pawlow en anere Reiz benotzt: Kuerz ier den Hond ze Friesse krut, huet en eng Schell ze héiere kritt. No e puer Kéieren huet den Hond ugefaangen, ze säftsen, wann et geschellt huet, onofhängeg dovun, op e Friesse krut oder net. Dat ass et, wat de Pawlow "konditionéierte Reflex" genannt huet.
Commons: Iwan Pawlow – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Iwan Petrowitsch Pawlow, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.