D'Highlands (oder Schottescht Héichland) sinn eng Géigend am Nordweste vu Schottland.
Si besteet aus Streecher mat Bierger, Munros genannt, ma och a wäiten Deeler aus Moueren ouni Beem.
Land | Vereenegt Kinnekräich |
---|---|
Koordinaten | 57° 07’ 12’’ N 04° 42’ 36’’ W |
Dimensiounen | |
D'Highlands gi vun den Central Lowlands duerch d'Highland Boundary Fault däitlech ofgegrenzt, déi südwestlech-nordëstlech vun Ardmore um Firth of Clyde duerch de südleche Loch Lomond bis Stonehaven beim Nordmier leeft. Déi administrativ Unitéit Highland (Council Area) ass just en Deel vun de geografeschen Highlands.
D'Highlands gi vun engem tektonesche Gruef, de Great Glen (glen ass op Gälesch en Dall) an d'Northwest Highlands an d'Grampian Mountains gedeelt. Am Great Glen sinn en ettlech Séien, ë. a. de Loch Ness. Den héchste Bierg vun de britteschen Inselen, de Ben Nevis (1345 m), ass an de Grampian Mountains.
D'Highlands sinn notamment fir hir Whisky-Produktioun welwäit bekannt.
Commons: Scottish Highlands – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Highlands, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.