Den Helmuth Lohner, och Helmut Lohner gebuer de 24.
Abrëll">24. Abrëll 1933 zu Wien an och do gestuerwen den 23. Juni 2015 war en éisträichesche Schauspiller, Theater- an TV-Regisseur.
Helmuth Lohner | |
---|---|
Gebuer | 24. Abrëll 1933 Wien |
Gestuerwen | 23. Juni 2015 Wien |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Televisiounsregisseur, Filmregisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Susanne Cramer, Karin Baal |
Kanner | Therese Lohner |
Den Helmuth Lohner hat am Joer 1952 säi Bünendebut am Theater zu Baden. Weider Etappen a senger Theatercarrière ware Berlin, München, Hamburg, Düsseldorf an Zürich. Zu Wien huet hien am Theater in der Josefstadt an am Burgtheater gespillt. An den 1990 Joren ass hien e puermol zu Salzburg am Hugo von Hofmannsthal sengem Stéck Jedermann opgetrueden. Vun 1997 bis 2006 war hien Direkter vum Theater in der Josefstadt.
Am Kino war hien haaptsächlech an Ënnerhalungsfilmer ze gesinn. Op der Tëlee war hien als Schauspiller an als Regisseur aktiv.
De Lohner war zweemol mat der Schauspillerin Susanne Cramer a vun 1962 bis 1976 mat der Schauspillerin Karin Baal bestuet. Hien ass de Papp vun der Schauspillerin Therese Lohner.
Commons: Helmuth Lohner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Helmuth Lohner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.