Den Heckeknuewelek oder Wëlle Knuewelek, och nach Bärlauch Allium ursinum L.
ass e Kraut aus der Gattung Allium an der Famill vun den Ënneplanzen.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Liliopsida |
Uerdnung | Asparagales |
Famill | Ënneplanzen |
Gattung | Ënnen |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Allium ursinum | |
L. |
Et ass eng Planz déi e puer Joer hannereneen erëm kënnt, an 20 – 50 cm grouss gëtt. Si huet laang donkelgréng Blieder a Form vu enger Lanzespëtz. D'Bléie si wäiss, stärefërmeg, an hu sechs baussenzeg Bléiebleider. Si stinn zesummen op engem méi oder wéineger ronne Kapp mat tëscht 5 an 20 Bléien.
Den Heckeknuewelek ass eng Bëschplanz. En ass praktesch a ganz Europa an an Nordasien, besonnesch a Bëscher déi an engem Hank leien ze fannen.
Säi Geroch gläicht deem vum Knuewelek. D'Blieder sinn iessbar (am beschte virun der Bléi) a kënne réi oder wéi Päinetsch verschafft ginn. Zerdrätscht kënne se wéi eng Pestoszooss preparéiert ginn.
Et soll een nëmmen op Standuerter sammele wou den Heckeknuewelek eleng virkënnt. Et ka soss zu Verwiesslunge mat de Blieder vun der Meeréischen, der Hierschtblumm oder vun der Aroumblumm kommen. Déi dräi Planze si staark gëfteg, an d'Vergëftunge kënnen déidlech ausgoen. Verwiesslunge geschéie virun allem well d'Blieder vum Heckeknuewelek virun der Bléi gesammelt ginn. Déi verbreet Method, déi dora besteet all Blat eenzel mat de Fangeren ze reiwen an ze richen, ob si wierklech no Knuewelek richen, ass problematesch, well d'Fangeren dee Geroch séier unhuelen a weider Tester ouni Verlooss sinn.
Commons: Heckeknuewelek – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Heckeknuewelek, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.