D'Heard- a McDonald-Inselen (englesch Heard Island and McDonald Islands) sinn en australescht Baussegebitt am südlechen Indeschen Ozean.
Den Territoire huet déi offiziell Bezeechnung Territory of Heard Island and McDonald Islands.
Heard- a McDonald-Inselen | |
---|---|
Geographie | |
Kontinent | Antarktika |
Land | Australien |
Läit an/am | Indeschen Ozean |
Koordinaten | 53°5'38"S, 73°31'1"O |
Fläch | 368 km² |
Héchste Punkt | Mawson Peak (2.745 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Australien |
Haaptuert | keng |
Demographie | |
Awunner | 2 |
Awunnerdatum | 1. Januar 2011 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 27. November 1833 |
Zäitzon | UTC+5 |
Internet TLD | .hm |
D'Inselregioun gouf ursprénglech vum Vereenegte Kinnekräich beusprocht, ass awer 1947 un Australien iwwergi ginn. D'Insele gi vun der Australian Antarctic Division vum australesche Ministère fir Agrikultur, Waasser an Ëmwelt zu Canberra geréiert.
D'Gebitt steet zanter 1997 op der UNESCO Lëscht vum Weltierwen.
Den Territoire besteet aus der Insel Heard mat der Nieweninsel Shag an aus de McDonald-Inselen, déi 43 km westlech dovu leien.
D'Gebitt läit 1.668 km nërdlech vun Ostantarktika, 3.843 km südwestlech vu Westaustralien a 4.205 km südëstlech vu Südafrika. Dat nooste Land sinn d'Kerguelen, 445 km am Nordwesten.
Commons: Heard- a McDonald-Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Heard- a McDonald-Inselen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.