De Griffith Observatoire (en:Griffith Observatory) ass e Gebai zu Los Angeles a Kalifornien.
Den Observatoire steet op der Südsäit vum Mount Hollywood am Griffith Park op enger Héicht vun 300 Meter. En ass als Plaz fir d'Touristen an d'Awunner vun der Stad souwéi fir seng wëssenschaftlech Expositiounen, de Planetarium an de Panorama bekannt. Vun do ass e Bléck op déi ganz Regioun tëscht dem Zentrum vu Los Angeles bis zu der Bucht vu Santa Monica an dem Pazifik méiglech.
De wäisse Kuppelbau gouf de 14. Mee 1935 no Pläng vum John C. Austin a Russell W. Porter an enger Mëschung aus Art Déco an egypteschem Stil fäerdeggestallt. No véierjäreger Renovéierung war den 2. November 2006 seng Reouverture. 70 Millioune Leit hunn den Observatoire zanter senger Ouverture besicht.
Dräi Haaptdeeler sinn aquartéiert: d'Hall of Science, de Planetarium an de Laserium. Zu de villen Ausstellungsstécker déi e ka gesinn, gehéieren ënner anerem Gestengs vum Mars, vum Äerdmound a vu Meteoritten, e Modell vum Hubble-Weltraumteleskop, e Seismograph an en 100 Kilogramm schwéiere Foucault-Pendel.
D'Gebai war fir en ettlech Filmer Dréiplaz, dorënner Rebel Without a Cause (1955), Terminator (1984), Rocketeer (1991), The End of Violence (1997), Bowfinger (1999), Queen of the Damned (2001), Charlie's Angels: Full Throttle (2003), Transformers (2007) a Yes Man (2008). Ausserdeem gesäit een d'Gebäi an diverse Videospiller, ënner anerem am GTA San Andreas, Mafia II a GTA 5.
Weider déngt d'Gebai och a Serien als Dréiplaz, z. B. Riptide (Strapazierte Gastfreundschaft, 1984) an Star Trek: Voyager (Vor dem Ende der Zukunft, 1996).
Commons: Griffith Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Griffith Observatoire, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.