De Karl Georg Büchner, gebuer de 17.
Oktober">17. Oktober 1813 zu Goddelau, am Groussherzogtum Hessen, a gestuerwen den 19. Februar 1837 zu Zürich, war en däitsche Schrëftsteller, Medezinner, Naturwëssenschaftler a Revolutionär.
Georg Büchner | |
---|---|
Gebuer | 17. Oktober 1813 |
Gestuerwen | 19. Februar 1837 Zürich |
Doudesursaach | Typhus |
Educatioun | Justus-Liebig-Universität Gießen |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Dramatiker, Dichter, Naturalist, Revolutionär, Schrëftsteller, Philosoph, Dokter |
Famill | |
Geschwëster | Alexander Büchner |
Hie gëllt als ee vun de bedeitendste Schrëftsteller vum Vormärz, an dat, obwuel e scho mat 23 Joer gestuerwen ass a just e puer Wierker publiziéere konnt.
De Georg Büchner war de Jong vun engem Dokter, an huet Medezin studéiert. Fir d'éischt, vun 1831 bis 1833, zu Stroossbuerg, wou hien och d'politescht Klima vun der Juli-Revolutioun materlieft a sech vun dësen Iddien inspiréiere gelooss huet. 1833 ass hien nees an Hessen zeréckgaangen, an zwar op Gießen, fir do virunzestudéieren. Hie war awer net zefridden do, den autoritäre politesche System, an d'bornéiert Léier hunn him net gefall, en hat gesondheetlech Problemer, a war flemmzeg, well e wäit ewech vu senger Frëndin vu Stroossbuerg war. Hien huet do mat aneren d'Gesellschaft für Menschenrechte gegrënnt, eng Geheimorganisatioun no franséischem Virbild, där hiert Zil et war, déi politesch Verhältnesser ëmzestierzen. En hat awer net vill Succès dermat. 1834 huet hien den Hessische Landbote heemlech publizéiert, e Fluchblat, dat mat der Paroll „Friede den Hütten! Krieg den Palästen!“ d'hessesch Landbevëlkerung opgeruff huet, sech géint d'Ënnerdréckung ze revoltéieren, an an där en Zuele publizéiert huet, fir ze beweisen, wéi d'Steiersue vun de Bauere vum groussherzoglechen Haff verbëtzt géife ginn. De Büchner gouf verdächtegt, derhannert ze stoen, an ass, ier e festgeoll gouf, op Stroossbuerg geflücht. Virdrun hat hien Dantons Tod geschriwwen, am Hoffes, sou u Suen ze kommen, fir säin Exil ze finanzéieren.
Am Wanter 1835/36 huet hie weider studéiert, a seng Dissertatioun Abhandlung über das Nervensystem der Barbe ((Cyprinus Barbus, eng Fëschaart) geschriwwen. Hie gouf dopropshin an d'Gesellschaft für Naturwissenschaft zu Stroosbuerg opgeholl. Hien huet déi Thees och zu Zürich presentéiert a gouf do 1836 zum Doktor der Philosophie ernannt. Hie konnt do 1836/37 ee Semester laang Course ginn, ass awer am Februar 1837 un Typhus erkrankt an dorun den 19. Februar gestuerwen.
No sengem Doud huet de Fritz Bergemann Sämtliche Werke und Briefe erausginn. Tëscht 2000 an 2012 koum, an 10 Bänn, d'Historisch-kritische Ausgabe der Sämtlichen Werke und Schriften Georg Büchners zu Marburg eraus.
De Georg-Büchner-Präis, e bedeitende Literaturpräis am däitschsproochege Raum, ass no him genannt ginn.
Commons: Georg Büchner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Georg Büchner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.