De Paul Celan, gebuer den 23.
November">23. November 1920 (als Paul Antschel, méi spéit zu Ancel rumäniséiert, wouraus den Anagramm Celan entstanen ass) zu Czernowitz (deemools a Rumänien, haut an der Ukrain), a gestuerwen den 20. Abrëll 1970 zu Paräis, war en däitschsproochege Lyriker.
Paul Celan | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paul Antschel |
Gebuer | 23. November 1920 Czernowitz |
Gestuerwen | 20. Abrëll 1970 Paräis |
Doudesursaach | Erdrénken |
Nationalitéit | Frankräich, Rumänien |
Aktivitéit | Dichter, Liddertexter, Essayist, Iwwersetzer |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Ingeborg Bachmann |
1948 huet hien Der Sand aus den Urnen, säin éischte Gedichtsband, publizéiert. Hien hat vun do bis an d'1950er Joren eng Relatioun mat der Ingeborg Bachmann; hire Bréifwiessel vun deemools koum als Herzzeit am Suhrkamp Verlag eraus. 1951 huet hien zu Parâis d'Gisèle Lestrange kennegeléiert an d'Joer drop bestuet. 1952 koum och bei der Deutschen Verlags-Anstalt säi Gedichtsband Mohn und Gedächtnis eraus, wou déi bekannt Todesfuge dran ass, déi de Muerd un den europäesche Judden duerch d'Nationalsozialisten thematiséiert. Seng béid Eltere waren an engem Ghetto ëmkomm.
1955 krut de Celan déi franséisch Nationalitéit. Hie koum e puermol a psychiatresch Behandlung.
Seng Doudesëmstänn sinn net gekläert; et gëtt ugeholl, hien hätt sech d'Liewe geholl, andeems e vum Pont Mirabeau an d'Seine gesprongen ass. Seng Läich gouf den 1. Mee 1970 bei Courbevoie zéng Kilometer flossof, fonnt.
De Paul Celan krut 1960 de Georg-Büchner-Präis.
Commons: Paul Celan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paul Celan, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.