GeoEye ass den Numm vun der weltgréisster Entreprise fir Satellittefotoen an d'Bereetstelle vun Date fir Geoinformatiounssystemer.
Hire Sëtz ass zu Dulles am US-Bundesstaat Virginia a gouf am Januar 2006 nom Iwwerhuele vum Space Imaging duerch d'Orbimage Holdings Inc gegrënnt. Mat senge ronn 300 Mataarbechter erreecht se nom Zesummeschloss en Ëmsaz vu méi wéi 200 Milliounen US-Dollar.
GeoEye betreift dräi Observatiounssatellitte mat enger Uertsopléisung vu besser wéi 1 m: OrbView-2, OrbView-3 an IKONOS. E weidere Satellit, GeoEye-1, ass zanter Oktober 2008 asazbereet.
D'Spillëmgéigend vun der Videospillrei Tom Clancy’s H.A.W.X baséiert op GeoEyes Technik.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article GeoEye, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.