De Federalismus ass en Organisatiounsprinzip vun engem Land, bei deem eenzel Glidderstaaten eng gewëssen Autonomie hunn.
Beispiller fir sou federal organiséiert Staate sinn d'Belsch, Däitschland, d'Schwäiz, Russland, d'USA, Brasilien, Mexiko, Indien asw. Meeschtens ass de Federalismus historesch bedéngt an ass d'Konsequenz vum Zesummeschloss vun e puer verschiddene Vëlker, quasi staatlechen Entitéiten oder sproochleche Communautéiten. En erméiglecht den Zesummeschloss vu méi klenge Staaten zu engem groussen, ouni datt d'Populatioun dobäi riskéiere géif hir Identitéit ze verléieren oder kee regionaalt Matsproocherecht méi ze hunn.
D'Belsch ass ee Spezialfall vum Federalismus, éischtens, well se 1830 als Eenheetsstaat geschafe gouf, an eréischt géint Enn vum 20. Joerhonner, no enger Rëtsch vu Staatsreformen, 1994 zu engem federale Staat ëmgebaut gouf; an zweetens, well d'Land net a kloer definéiert Glidder ënnerdeelt ass, mä well déi sech jee no Zoustännegkeetsberäich iwwerschneiden. D'Land ass souwuel a Regioune wéi och a Communautéiten agedeelt.
Den historesche But vun der Andeelung a Communautéiten, ass d'Ofgliddere vum Staat a seng sproochlech a kulturell Gebidder. Dofir gëtt et déi Franséisch, déi flammännesch an déi Däitschsproocheg Communautéit. D'Zoustännegkeetsberäicher vun de Communautéite belafe sech deemno och haaptsächlech op d'Kultur, d'Educatioun sou wéi sozial a persounebezunnen Ugeleeënheete wéi Jugendschutz oder Familljebäihëllefen.
Nieft de Communautéiten ass d'Belsch an Regiounen agedeelt, déi sech hierarchesch de Communautéiten net ënneruerdne loossen. D'Regioune sinn historesch entstanen, well net all Regioun an der Belsch gläichermoosse staark am Industrie- oder am Déngschtleeschtungsberäich waren, wat déi no méi Autonomie striewe gelooss huet.
D'Belsch deelt sech sou nieft den dräi Communautéiten an déi dräi Regiounen an:
D'Zoustännegkeetsberäicher vun de Regioune sinn d'Ekonomie, Aarbechtsplazen, ëffentlechen Déngscht, awer och z. B. Energieversuergung oder Waasserbau. Ausserdeem iwwerwaachen d'Regiounen d'Provënzen, d'Gemengen an d'Intercommunalen.
Däitschland ass haut a 16 sougenannt Bundeslänner agedeelt. Sonnerfäll sinn dobäi d'Bundeslänner Hamburg, Bremen a Berlin, déi Bundesland a Landeshaaptstad gläichzäiteg sinn. Mat der Constitutioun vun der Bundesrepublik Däitschland vum 23. Mee 1949, ënnerläit de Federalismus an Däitschland der Éiwegkeetsgarantie.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Federatiounssujet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Federalismus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.