De Félix Molitor, gebuer de 26.
Mee">26. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Lyriker.
Félix Molitor | |
---|---|
Gebuer | 26. Mee 1958 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dichter |
Member vun | Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal |
No sengem Studium vu Lettres modernes zu Stroossbuerg gouf hien 1996 Franséisch-Professer. Vun 1997 bis 2006 war hie Responsable fir den Departement Littérature et théâtre am Kulturministère. Vu September 2006 war hien nees Franséischprofesser an huet um Institut grand-ducal fir de lëtzebuergeschen Dictionnaire geschafft. Zanter 2008 wunnt hien a Frankräich. Hien ass mat der Patricia Andrieu bestuet.
Zanter 1976 publizéiert de Félix Molitor reegelméisseg Gedichter zu Lëtzebuerg an am Ausland. Zesumme mam Raymond Schaack huet hien 1996 eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun de Psalme verëffentlecht.
De Félix Molitor ass zanter 2002 Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.
1998 krut de Félix Molitor de Prix Tony Bourg.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Félix Molitor, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.