Eurobilljeeën

Den Euro, d'gemeinsam Wärung vun 20 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (donieft gëtt et 8 verschidde Mënzen).

Déi éischt Serie dovu gouf den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.

Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.

2013 gouf eng nei Serie an Ëmlaf bruecht, déi déi al no an no ersat huet. Ugefaange gouf mam 5-Euro-Schäin.

Ausgesinn

Serie vun 2002

Et gëtt 7 verschidde Coupuren, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver dorop representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architekturstiler. Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina.

Op alle Billjeeë sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.

Beschreiwung vun den Eurobilljeeën
Numm Dimensiounen Haaptfaarf Architektur Epoch Positioun vum Plackecode
€ 5
120x60,0 mm
Gro
Klassik
€ 10
125x62,5 mm
Rout
€ 20
130x65,0 mm
Blo
€ 50
140x70,0 mm
Orange
€ 100
145x72,5 mm
Gréng
€ 200
150x75,0 mm
Giel-Brong
Eisen & Glas

Serie vun 2013

D'Faarwe vun der neier Serie, déi "Europa"-Serie genannt gëtt, bleiwen déi nämmlecht wéi déi vun der éischter. Och d'Motiver (Brécken a Fënsteren) bleiwen onverännert, just den allgemengen Design gëtt liicht anescht (méi kräfteg Faarwen, d'Zuele sinn uewe méi grouss, d'Wuert "Euro" steet och op Kyrillesch do, vum 20er un ass eng "Siichtfënster" dran, asw.).

Als éischte Schäi gouf dee vu 5 Euro vum Abrëll 2013 un no an no ersat (déi am alen Design halen nach eng Zäitchen hir Gëltegkeet), am September dat Joer drop koum dee vun 10 Euro un d'Rei, an am November 2015 den Zwanzeger. De Fofzeger koum am Summer 2017 eraus, an d'Schäiner vun 100 an 200 Euro kommen am Fréijoer 2019 an Zirkulatioun. De 500er gëtt net erneiert, an d'Billjeeën an där Denominatioun ginn no an no aus dem Verkéier gezunn.

Wou gouf de Schäi gedréckt, a wien huet en erausginn?

Anescht wéi d'Euromënzen hunn d'Eurobilljeeë keng national Säit, déi géif weisen, vu wou de Billjee hierkënnt. Dofir kann een um Buschtaf virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.

Code vun der nationaler Zentralbank
Code Land Code Land
Z
Eurobilljeeën  Belsch
Y
Eurobilljeeën  Griicheland
X
Eurobilljeeën  Däitschland
W
Eurobilljeeën  Dänemark
V
Eurobilljeeën  Spuenien
U
Eurobilljeeën  Frankräich
T
Eurobilljeeën  Irland
S
Eurobilljeeën  Italien
R
Eurobilljeeën  Lëtzebuerg
Q
Net verginn
P
Eurobilljeeën  Holland
O
Net verginn
N
Eurobilljeeën  Éisträich
M
Eurobilljeeën  Portugal
L
Eurobilljeeën  Finnland
K
Eurobilljeeën  Schweden
J
Eurobilljeeën  Vereenegt Kinnekräich
H
Eurobilljeeën  Slowenien
G
Eurobilljeeën  Zypern
F
Eurobilljeeën  Malta
E
Eurobilljeeën  Slowakei
D
Eurobilljeeën  Estland
C
Eurobilljeeën  Lettland
B
Eurobilljeeën  Litauen

D'Buschtawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach net agefouert hunn.

Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plackecode. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buschtaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjeeën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjee erausgëtt: Sou sinn z. B. verschidde finnesch Euroschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buschtaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.

Dréckerei-Kennung
Code Dréckerei Uertschaft Staat
A
Bank of England Printing Works Loughton Groussbritannien
B
net a Gebrauch --- ---
C
AB Tumba Bruk Tumba Schweden
D
Setec Oy Vantaa Finnland
E
F. C. Oberthur Chantepie Frankräich
F
Österreichische Banknoten und Sicherheitsdruck GmbH Wien Éisträich
G
Johan Enschedé & Zn. Haarlem Holland
H
De la Rue Gateshead Groussbritannien
I
net a Gebrauch --- ---
J
Banca d'Italia Roum Italien
K
Central Bank of Ireland Dublin Irland
L
Banque de France Chamalières Frankräich
M
Fábrica Nacional de Moneda y Timbre Madrid Spuenien
N
Bank of Greece Athen Griicheland
O
net a Gebrauch --- ---
P
Giesecke & Devrient München & Leipzig Däitschland
Q
net a Gebrauch --- ---
R
Bundesdruckerei Berlin Däitschland
S
Danmarks Nationalbank Kopenhagen Dänemark
T
Banque Nationale de Belgique Bréissel Belsch
U
Valora Carregado Portugal

Biller vun de Billjeeën

Eischt Serie

Viischt Säit (Recto) Wäert Hënnescht Säit (Verso)
Eurobilljeeën  € 5 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 10 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 20 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 50 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 100 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 200 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 500 Eurobilljeeën 

Zweet Serie

Vun 2014 u koum, beim Fënnefter ugefaangen, all Joers en neie Billjee eraus, deen no an no déi al ersetze soll.

Viischt Säit (Recto) Wäert Hënnescht Säit (Verso)
Eurobilljeeën  € 5 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 10 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 20 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 50 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 100 Eurobilljeeën 
Eurobilljeeën  € 200 Eurobilljeeën 

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Eurobilljeeën – Biller, Videoen oder Audiodateien
Eurobilljeeën  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Tags:

Eurobilljeeën AusgesinnEurobilljeeën Wou gouf de Schäi gedréckt, a wien huet en erausginn?Eurobilljeeën Biller vun de BilljeeënEurobilljeeën Kuckt ochEurobilljeeën Um SpaweckEurobilljeeën1. Januar2002EuroEuromënzenMemberstaate vun der Europäescher Unioun

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

LatäinRégis MoesFC Luxembourg CityTali GolergantEthiopienFernand KartheiserBaden-WürttembergUma ThurmanPol LeursWilliam Shakespeare1776DäitschlandJapanLëtzebuerg (Land)ITunes1787PäerdRomain MancinelliLibyenCorinna HarfouchHaaptsäitChrëschtlech-Sozial VolleksparteiPreisenEd LauterTempel 1TamilJean-Paul I. (Poopst)Charles GoerensLaurent MoyseEurovision Song ContestUniform Resource LocatorCreative CommonsVietnam1971UniversitéitRuandaEdmond de la FontaineErik SatieFaarfJean SchiltzPlëss d'AremRoger LeinerSources RosportFrankräichOpen SourceFranz LisztÉischte KräizzuchUN Käerjéng 97Marie-Antoinette vun ÉisträichKanada1773NidderkäerjengKarl MartellMarc DostertJohann Gottfried KöhlerLucien FaberPerihelPseudologieOlympesch Wanterspiller 1988MargréitchenWehrmachtGemeng ConterWëssenschaft🡆 More