Den Edmond Pepin, gebuer den 21.
Oktober">21. Oktober 1923 zu Schweech, gestuerwen de 6. Juni 2013 an der Stad Lëtzebuerg, war e Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.
Edmond Pepin | |
---|---|
Gebuer | 21. Oktober 1923 |
Gestuerwen | 6. Juni 2013 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Den Edmond Pepin war Schoulmeeschter zu Osper, Beggen a Weimeschkierch. An der Schlussphas vum Zweete Weltkrich war hie Member vun der Luxembourg Battery vun der Brigade Piron.
Hien huet an de Joren 1962 bis 1965 an der Revue de la Jeunesse vun der Croix-Rouge luxembourgeoise e Feuilleton fir déi Jonk mam Titel Ein Weg bleibt offen publizéiert. Donieft huet hien och lokalhistoresch Bäiträg iwwer de Schweecherdall a Beggen geschriwwen.
Seng Erliefnesser als Zwangsrekrutéierten, dee sech Enn Juni 1944 an der Normandie den Alliéierten erginn huet a Mëtt Oktober 1944 am hollännesche Limburg bei d'Brigade Piron koum, huet hien a sengem Buch Frontwechsel erzielt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Edmond Pepin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.