Den David vum Michelangelo (1475–1564) ass eng Skulptur, déi tëschent 1501 a 1504 zu Florenz entstanen ass.
Et ass déi éischt Monumentalstatu aus der Héichrenaissance a gëllt allgemeng als déi bekanntst Skulptur vun der Konschtgeschicht. D'Original steet zanter 1873 an der Galleria dell'Accademia zu Florenz.
D'Skulptur weist den David aus der Bibel, wéi dee prett ass, mat enger Steeschleider iwwer der Schëller, mam Ris Goliath ze kämpfen (1 Sam 17). Si ass, mam Sockel, 5,17 m héich an aus Marber vu Carrara. De Michelangelo huet 1501 d'Commande vun der Florenzer Arte Della Lana, der Wollwiewerzonft kritt, fir aus engem Block Marber, deen déi hat, sou eng Statu ze maachen. Virun him hate schonn zwéi Skulpteure probéiert, aus dem Block eng David-Figur ze maachen, hunn awer bei de graffe Proportiounen opgehalen: 1464 den Agostino di Duccio a 1476 den Antonio Rossellino.
Ursprénglech war geplangt, d'Figur baussen un der Kierch Santa Maria del Fiore unzebréngen. 1504 huet eng Kommissioun, déi vun der Signoria vun der Stad agesat gi war (an an där ë. a. de Sandro Botticelli an de Leonardo da Vinci Member waren), awer decidéiert, datt den David virun de Palazzo Vecchio, dem Sëtz vun der Signoria, op d'Piazza della Signoria, stoe komme soll. Do gouf en den 8. September 1504 feierlech ageweit.
Well am 19. Joerhonnert d'Statu ëmmer méi duerch d'Wieder an duerch Vullendreck beschiedegt gouf, gouf decidéiert, se ënnerdaach ze stellen. Sou koum se 1873 an d'Florentiner Accademia, wou extra e Raum dofir gebaut gouf. 1910 gouf op der Plaz, wou se virdru stoung, eng Kopie opgeriicht.
Commons: David (Michelangelo) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article David (Michelangelo), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.