Congé fir e Mord ass e lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer, deen de 16.
Dezember 1983 seng Première hat.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 1983 |
Dauer | 110 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Paul Scheuer |
Dréibuch | Maisy Hausemer Paul Scheuer |
Fotografie | Georges Fautsch |
Produktiouns- gesellschaft | AFO-Film |
Schauspiller | |
Josiane Peiffer als Renée-Anne Lamesch Paul Scheuer als Henri Lamesch Misch Bock als Bernard Huberty Ranga Yogeshwar als Raman Gaston Leiner als Paschtouer Eugene Plein als den Dirigent Marie-Christine Faber als Lisa Henri Losch als de President Victor Weydert als de Buergermeeschter Alain Meyer als de Verdeedeger Robert Bohnert als de Substitut Edouard Schmitz als den Affekot Sanny Urbing als d'Wiertsfra Albert Toussing als de Bankbeamten. | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Den Här Huberty wëll sech en Observatoire baue loosse well hien un Astronomie intresséiert ass. Den Apdikter Henri Lamesch aus dem Duerf ass mat dem Här Huberty senger Niess bestuet. Den Här an d'Madame Lamesch fäerten, datt dem Monni seng Suen all bei dem Projet vum Observatoire dropginn, an datt si als eenzeg Ierwen nom Monni sengem Doud eidel ausginn. Dunn hunn den Här Apdikter an d'Madame eng Iddi, se wëllen de Monni ëmbréngen...
De Film ass a 16mm gedréint an hat e Budget vun nëmmen 1,7 Millioune Lëtzebuerger Frang. Als éischte Film op Lëtzebuergesch ass en an engem "richtege" Kino (dem Utopia) gelaf, ier en op Tournée uechter d'Land goung. Et war laang dee lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren: Dem CNA no gouf e vun am Ganze 50.056, respektiv 42.619 Leit gesinn. Eréischt 2018 huet De Superjhemp retörns dee Rekord gebrach.
Luxemburger Wort, 30. Dezember 1983:
"Congé fir e Mord" ist ein technisch einwandfreies Werk talentierter Filmemacher, die der vielgeschmähten Bezeichnung "Filmamateur" eine andere Bedeutung gegeben haben.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Congé fir e Mord, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.