Compiègne ass eng nordfranséisch Stadt am Departement Oise an der Regioun Hauts-de-France.
Et ass d'Sous-préfecture vum Arrondissement Compiègne.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Hauts-de-France | ||||
Departement | Oise | ||||
Arrondissement | Compiègne | ||||
Kanton | Compiègne-Nord C.-Sud-Est C.-Sud-Ouest | ||||
Postcode | 60200 | ||||
Gemengecode | 60159 | ||||
Koordinaten | 49° 24’ 51’’ N 02° 49’ 20’’ O | ||||
Fläch | 5.310 ha | ||||
Bevëlkerung | 39.517 (1.1.2011) |
Compiègne läit 80 km nërdlech vu Paräis, op der Oise, do, wou vu lénks d'Aisne draleeft.
D'Merowenger haten op där Plaz eng Pfalz mam Numm Compendium opgeriicht. De Chilperich II. (670–721), huet déi Pfalz zu senger Residenz gemaach. De Charles de Plakkapp huet d'Stad 876 méi grouss gemaach a se Carolopolis genannt. De Louis de Frommen gouf do 833 ofgesat. Déi karolengesch Kinneke Louis II., den Tuddler (846–879), an de Louis V., de Lidderegen (966–987) goufen an der Abtei Sainte-Corneille begruewen.
1380 huet de Charles V. eng Festung baue gelooss. Den 23. Mee 1430 gouf d'Jeanne d'Arc viru Compiègne vun de Burgunder gefaange geholl an den Englänner ausgeliwwert. Am Traité vu Compiègne goufe Frankräich a Schwede sech eens, wéi s'et mat Däitschland am Drëssegjärege Krich hale sollten.
1751 bis 1788 gouf vum Ange-Jacques Gabriel an duerno vum Louis Le Dreux de la Châtre en neit Schlass am klassizistesche Stil fir de Kinnek Louis XV. gebaut. Den Napoleon Bonaparte huet et renovéiere gelooss.
Den Napoleon III. huet d'Schlass als Hierschtresidenz benotzt. 1870 gouf et an e Musée ëmgewandelt.
Am Éischte Weltkrich war vum Abrëll 1917 bis de Mäerz 1918 zu Compiègne de Grousse Quartier général vun der franséischer Arméi.
Compiègne ass bekannt well do zweemol d'Armistice tëscht Frankräich an Däitschland ënnerschriwwe gouf:
Zanter 1977 fiert d'Vëloscourse Paris - Roubaix vu Compiègne aus fort.
Commons: Compiègne – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Compiègne, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.