D'Capucine, gebuer als Germaine Hélène Irène Lefebvre de 6.
Januar">6. Januar 1928 zu Saint-Raphaël a gestuerwen de 17. Mäerz 1990 zu Lausanne, war eng franséisch Schauspillerin.
Capucine | |
---|---|
am Joer 1962 | |
Gebuertsnumm | Germaine Hélène Irène Lefèbvre |
Gebuer | 6. Januar 1928 Saint-Raphaël |
Gestuerwen | 17. Mäerz 1990 Lausanne |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Mannequin, Filmschauspiller |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Charles K. Feldman |
D'Capucine war am Ufank vun hirer Karriär Mannequin an de Moudenhaiser Givenchy an Dior zu Paräis . Am Kino war si fir d'éischt am Joer 1948 am Film L'aigle à deux têtes vum Jean Cocteau ze gesinn.
Bekannt Filmer mat hir sinn: Song Without End (1960) vum Charles Vidor, North to Alaska (1961) vum Henry Hathaway, The Pink Panther (1963) vum Blake Edwards, What's new Pussycat? (1965) vum Clive Donner a Richard Talmadge mam Peter Sellers, Peter O'Toole a Romy Schneider a Fellinis Satyricon (1969) vum Federico Fellini.
D'Capucine huet un Depressioune gelidden an huet sech am Joer 1990 d'Liewe geholl wéi si zu Lausanne aus hirer Wunneng am aachte Stack gesprongen ass.
Commons: Capucine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Capucine, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.