De Boulevard du Jazz ass eng Strooss um Belval op der Square Mile, an de Gemengen Esch-Uelzecht (Quartier Universtéit) a Suessem.
Se leeft vun der Porte de France a west-nordwestlescher Richtung bis bei de Boulevard de la Recherche. Op der Héicht vun der Rue le Bataclan, déi vu Süde kënnt, ass d'Grenz tëscht deenen zwou Gemengen.
Längt | ca. 360 m |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem Esch Uelzecht |
Uertschaft | Bieles Esch-Uelzecht |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 4370 |
Koordinaten | 49° 30’ 10.5’’ N 05° 56’ 34.3’’ O |
Genannt no | Jazz |
Op der nërdlech geleeëner Stroossesäit sinn d'Sinterbasenge vun der fréierer Agglomeratioun. Den Autosparking, deen do ronderëm provisoresch ugeluecht gi war, gëtt vun 2021 un duerch nei Gebaier ersat.
D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.
Den Numm ass en Homage un de Musekstil Jazz.
Commons: Boulevard du Jazz (Belvaux) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Boulevard du Jazz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.