De Boulevard de la Pétrusse ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg.
Se verleeft vun der Kräizung mat der Antwerpener Strooss an engem Bou bis op d'Metzer Plaz an da weider a Richtung Südoste bis op d'Kräizung mat der Aler Avenue wou se dann an de Boulevard d'Avranches iwwergeet.
Numm | fr: Boulevard de la Pétrusse |
---|---|
Fréieren Numm | fr: verschidden Deeler: Boulevard de Hollerich Boulevard Voltaire Boulevard de Stalingrad Boulevard d'El Alamein |
Längt | ca. 1.375 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 2320 |
Koordinaten | 49° 36’ 24’’ N 06° 07’ 34.6’’ O |
Genannt no | Péitruss |
Vun der Kräizung mat der Antwerpener Strooss bis op d'Metzer Plaz gehéiert de Boulevard de la Pétrusse zum CR222 a vun der Metzer Plaz bis bei d'Al Avenue gehéiert en zur Nationalstrooss 2.
D'Strooss ass an de Joren 1867-1880 – nom Schleefe vun der Festung – um Plateau Bourbon an um Verluerekascht ugeluecht ginn. Se huet 1889 hiren haitegen Numm kritt, als Referenz und d'Péitruss déi ënnen am Dall leeft. D'Strooss huet do ugefaange wou séngerzäit d'Nei Bréck geplangt war an ass a Richtung Polfermille bis bei déi haiteg Rue du Laboratoire gaangen. 1925 gouf den Odonym dunn a Richtung Westen op de fréiere Boulevard de Hollerich an de Boulevard Voltaire ausgewäit: se huet deemools deem entsprach wat haut de Boulevard de la Pétrusse an de Boulevard d'Avranches zesumme sinn.
Nom Krich gollt et déi batter Zäiten net ze vergiessen an zwou decisiv Schluechten aus dem Krich sollten an engem Odonym festgehale ginn: vun der Metzer Plaz aus gekuckt gouf de westlechen Deel vum Boulevard de la Pétrusse a „Boulevard de Stalingrad“ an den ëstlechen Deel bis bei d'Al Avenue a „Boulevard d'El Alamein“ ëmgenannt. Dëst gouf awer 1954, resp. schonn 1947, nees réckgängeg gemaach..
Op der ganzer Längt gehéiert de Boulevard d'Avranches zur Nationalstrooss 2.
Commons: Boulevard de la Pétrusse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Boulevard de la Pétrusse, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.