Alexander Wiltheim: Res Munsteriensium, 1634; zit.
n.: Joseph Paquet: Hauptthatsachen der Luxemburger Geschichte. 1838 (um Titel).
De Zinneke ass en Escher, deen et fir 3 Joerzéngter berufflech an d'Belsch Haaptstad verschloen hat - dohir de Pseudonym.
Meng Intresse si wäit gespreet, dofir sprange meng Artikele monter vun Hippches op Haapches. Se si gewéinlech iwwer Themen, déi op déi eng oder aner Manéier mat der Geschicht, der Gesellschaft oder der Kultur vu Lëtzebuerg (an engem gréissere Kontext) ze dinn hunn. Well mat der Wiki op Lëtzebuergesch gëtt et fir d'éischte Kéier en eemolegt Mëttel, Informatiounen zu deenen Themen (wéi och zu soss vill méi) endlech op enger Plaz beieneen, einfach a mat e puer Klicken am Internet fannen ze kënnen. Bis ewell ware vill vun deenen Themen am Internet (dat fir ëmmer méi Leit déi eenzeg Bezuchsquell fir Informatiounen ass) ganz einfach inexistent.
A well ech net zu deene gehéieren, déi drop woarden, dass vläit een enges Daags et schreiwe kinnt, schreiwen ech alt selwer monter mat, an dat zanter August 2004.
Wat dat mer bréngt?
Zënter e puer Joer sinn ech zousätzlech och méi um Projet "am grousse Ganzen" aktiv: Kucken, datt d'Haaptsäit sech 'propper' presentéiert (d.h. e Bild vun der Woch preparéieren; méiglechst Villes verlinken, wat duer stoe kënnt; Kierzlech Verstuerwener mat à jour halen, asw.); Artikelen aktualiséieren, wann eppes neies Schreiweswäertes geschitt; mat déi Rezent Ännerungen nokucken; nei Biller iwwer Lëtzebuerg, déi op Commons bäigesat ginn, mat nokucken a kategorisiéiern, asw.
Kontakt: Wann Der mer Norichte wëllt hannerloosen, da maacht dat w.e.gl. op menger Diskussiounssäit.
Wann Der net wëllt, dass d'hallef Welt soll matliese kënnen, kënnt Der mech och iwwer d'Fonctioun "Dësem Benotzer eng E-mail schécken" kontaktéieren. Dofir musst Der allerdéngs selwer a "Meng Astellungen" (Reider ganz uewen) eng E-Mails-Adress uginn hunn.
PS: Wéi all Mataarbechter hei maachen ech dat fräiwëlleg, a wann ech grad Loscht an Zäit hunn. Et ass dofir ganz normal, wann d'Äntweet emol eppes Klengs dauert.
Dëse Benotzer huet e globale Kont mat sengem Numm opgemaach. Déi Wikipedia, wou en am dacksten aktiv ass, ass Wiki (lb) |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Benotzer:Zinneke, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.