D'Bady Minck, gebuer den 21.
Dezember">21. Dezember 1956 zu Ettelbréck als Madeleine Binck,, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin a Regisseurin, déi sech haaptsächlech mat Film ofgëtt. Si ass ganz villsäiteg a lieft a schafft, wéi se schreift, am: Spannungsfeld zwischen Film und bildender Kunst. Si lieft a pendelt tëscht Wien a Lëtzebuerg.
Bady Minck | |
---|---|
Gebuertsnumm | Madeleine Binck |
Gebuer | 21. Dezember 1956 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Sculpteur, Dréibuchauteur, Filmproduzent |
Si huet zu Wien op der Akademie der bildenden Künste Skulptur (Meeschterklass vum Bruno Gironcoli) studéiert an op der Hochschule für angewandte Kunst (Meeschterklass vum Oswald Oberhuber a Maria-Lassnig-Klass) Molerei an experimentelle Film. Hir Wierker gi verbreet, net nëmmen iwwer de Kino, mä och duerch Ausstellungen (ë. a. Centre Pompidou Paräis, Moskau Biennale, Biennale di Venezia, Kunsthalle Wien, Mudam Lëtzebuerg, Lincoln Center New York), Filmfestivallen (ë. a. Festival de Cannes, Berlinale, Toronto, Melbourne), Internet a Konferenzen. Si ass Matgrënnerin vun der Prodiukriounsfirma AMOUR FOU Vienna zu Wien an AMOUR FOU Luxembourg déi zu Lëtzebuerg hire Sëtz huet. Hir Filmer goufen op méi wéi 500 Filmfestivaller gewisen.
Am Joer 2009 war si Member vum Jury vum Filmfestival vu Venedeg
Commons: Bady Minck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bady Minck, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.