De Xavier Auguste Joseph de Saint-Hubert, gebuer den 20.
August">20. August 1843 zu Hollerech a gestuerwen den 30. Oktober 1908 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Industriellen.
Auguste de Saint-Hubert | |
---|---|
Gebuer | 20. August 1843 |
Gestuerwen | 30. Oktober 1908 |
Den Auguste de Saint-Hubert huet Schiggeri fabrizéiert. Seng Fabrick louch an der Nordstrooss an der Stad Lëtzebuerg. Dat erkläert, virwat déi Strooss den Numm “Schiggerisgaass” krut.
Den Auguste de Saint-Hubert, deen, wéi e groussjäreg gouf, d'lëtzebuergesch Nationalitéit amplaz vun der belscher, déi hie vum Papp geierft hat, ugeholl hat, hat sech den 22. Mee 1882 mat der Juliette Meyer (*1846 Charleroi, † 1922 Stad Lëtzebuerg) bestuet; d'Koppel hat fënnef Kanner, lauter Meedercher. Hie war de Monni vun der Aline de Saint-Hubert, der Fra vum Émile Mayrisch.
Nom Doud vum Auguste de Saint-Hubert huet seng Wittfra de Betrib weidergefouert. Am Dezember 1919 konnt een allerdéngs an der Zeitung eng Annonce liesen, datt d'Fabrick mat der “maison de maître” an dem Numm vun der Marque ze verkafe wier, den Numm eventuell och separat.,
Den Auguste de Saint-Hubert, dee sech fir d'Naturwëssenschaften intresséiert huet, war ee vun den éischte Membere vun der “Fauna”, der spéiderer Société des naturalistes luxembourgeois, déi am Mee 1890 gegrënnt ginn ass. Den 2. Juli 1890 gouf hien als “korrespondierendes Mitglied” an den neie Veräin opgeholl. Den 23. Abrëll 1893 hunn d'Leit vun der “Fauna”, déi en Ausfluch an de Bireler Gronn gemaach hunn, dem Auguste de Saint-Hubert säi Wëldpark, deen hien an der Noperschaft vum Bireler Haff fir seng Damhirschen ugeluecht hat, besicht a goufen do vun him bekäschtegt. An dem Juli-Heft 1893 vum Bulletin vun der “Fauna” huet den A. de Saint-Hubert eng kleng ornithologesch Notiz publizéiert.
1907 huet hien am Bireler Gronn en herrschaftlecht Haus, dat sougenannt Schlass Saint-Hubert, baue gelooss, dat 1957 beim Ausbau vum Lëtzebuerger Fluchhafen um Findel ewechgerappt gouf.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Auguste de Saint-Hubert, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.