Den Auguste Metz, gebuer den 8.
August">8. August 1812 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Juni 1854 zu Eech, war de jéngste vun den 3 Metz-Bridder: Charles, Norbert an Auguste.
Auguste Metz | |
---|---|
Gebuer | 8. August 1812 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 22. Juni 1854 Eech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Famill | |
Bestuet mat | Petronella Laeis |
Geschwëster | Charles Metz, Norbert Metz |
Kanner | Léon Metz |
Den Auguste Metz war, wéi säi Brudder Charles, Docteur en Droit a Member vun der Chamber. Hie gëtt als de wierkleche Grënner vun der moderner Lëtzebuerger Siderurgie ugekuckt. Bescheiden huet hien 1837 mat senge Bridder ugefaangen, wéi en d'Gebaier vun der Berbuerger Schmelz gelount huet. Nëmme 15 Joer méi spéit ware vun den 11 Héichiewen am Land 7 zu Berbuerg a Betrib. Hien ass fréi gestuerwen (1854) a konnt säi Wierk net op en Enn féieren.
Den Auguste Metz huet sech 1841 mat der Duechter vum Ernest Dominique Laeis, der Petronella Laeis bestuet. Hien ass de Papp vum Léon Metz.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Auguste Metz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.