Den Artikel ass grad wéi d'Besëtzadjektiver an d'demonstrativ Adjektiver e Bestëmmungswuert fir Substantiver.
En ännert seng Declinaisoun, jee nodeem fir wéi e Geschlecht e gebraucht gëtt, ob en an der Eenzuel oder an der Méizuel steet, an och ofhängeg vum Casus, d. h. ob en am Nominativ, Dativ oder Akkusativ gebraucht gëtt.
Den Artikel markéiert déi dräi Fäll vum Geschlecht déi et am Lëtzebuergesche gëtt. E kann dobäi als bestëmmten, onbestëmmten, betounten oder negativen Artikel gebraucht ginn.
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
den Apel | d'Kutsch | d'Buch | De bestëmmten Artikel hëlleft fir e bestëmmten Objet ze bezeechnen, oder ee vun deem scho rieds war: Den Apel hänkt um Bam an de Mann pléckt den Apel. D'Kutsch fiert op der Strooss, d'Fra sëtzt an der Kutsch. D'Buch läit um Schaf, d'Kand kënnt net drun. |
de Mann | d'Fra | d'Kand |
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
en Apel | eng Kutsch | en Heft | Den onbestëmmten Artikel hëlleft fir en onbestëmmten Objet ze bezeechnen, oder ee vun deem nach net rieds war: Hien huet en Apel. Dat ass eng schéi Kutsch. Gëff mir mol en Heft eriwwer. |
e Mann | eng Fra | e Kand |
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
deen Apel | déi Kutsch | dat Heft | De betounten Artikel gëtt gebraucht fir eng demonstrativ Ausso duerzestellen oder bei Substantiver déi en Adjektiv hunn: Deen Apel ass faul. Déi schéi Fra brauch kee Maquillage. Déi betount Form gëtt dacks mat de Prepositiounen hei oder do gebraucht, déi dann hanner dem Substantiv stinn. Dee Mann hei huet e grousse Gaart. Déi brong Kutsch do huet keng Bremsen. |
deen ale Mann | déi kleng Fra | dat déckt Kand |
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
keen Apel | keng Kutsch | keen Heft | Den negativen Artikel gëtt gebraucht fir eng onbestëmmt oder partitiv Nominalgrupp ze niéieren: De Mann huet keen Apel. D'Fra huet keng Kutsch gesinn. |
kee Mann | keng Fra | kee Kand |
Wa keen Artikel do steet, da gëtt en Deel vun engem Ganze gemengt. Am Lëtzebuergeschen entsprécht dat dann dem franséische partitiven Artikel.
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
d'Äppel | d'Kutschen | d'Hefter | An der Méizuel gëtt et nëmmen ee bestëmmten Artikel - d' - fir déi dräi Geschlechter. |
Männlech | Weiblech | Neuter | Erklärung a Beispiller |
---|---|---|---|
... Äppel | ... Kutschen | ... Hefter | An der Méizuel gëtt et keen onbestëmmten Artikel. D'Feele vum Artikel an der Méizuel seet aus, datt et sech entweeder ëm eng zielbar Quantitéit handelt oder ëm eng Totalitéit Hien huet Gromperen. Hatt huet Grompere gär. |
Et gëtt allerdéngs en onbestëmmten negativen Artikel an der Méizuel:
Männlech | Weiblech | Neuter |
---|---|---|
keng Äppel | keng Kutschen | keng Hefter |
D'betount Form an der Méizuel ass déi
Männlech | Weiblech | Neuter |
---|---|---|
déi Äppel déi faul Äppel | déi Kutschen déi schéi Kutschen | déi Hefter déi blo Hefter |
All Funktioun vun der Nominalgrupp am Saz gëtt mat engem Fall markéiert.
Am Lëtzebuergesche gëtt et dräi Fäll: den Nominativ, den Akkusativ an den Dativ.
Bemierkung:
Den däitsche Geenitiv (Complement vum Objet) gëtt et just a verschiddenen Expressiounen.
D'Declinaisounen am Nominativ an am Akkusativ sinn d'selwecht.
Männlech | Weiblech | Neuter | Méizuel | |
---|---|---|---|---|
bestëmmt | den Apel | d'Kutsch | d'Buch | d'Kaweechelcher |
onbestëmmt | en Apel | eng Kutsch | e Buch | ... Kaweechelcher |
betount | deen Apel | déi Kutsch | dat Buch | déi Kaweechelcher |
negativ | keen Apel | keng Kutsch | kee Buch | keng Kaweechelcher |
Nominativ
Akkusativ
Männlech | Weiblech | Neuter | Méizuel | |
---|---|---|---|---|
bestëmmt | dem Apel | der Kutsch | dem Buch | de Kaweechelcher |
onbestëmmt | engem Apel | enger Kutsch | engem Buch | ... Kaweechelcher |
betount | deem Apel | där Kutsch | deem Buch | deene Kaweechelcher |
negativ | kengem Apel | kenger Kutsch | kengem Buch | kenge Kaweechelcher |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Artikel (Grammaire), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.