Den Albert Calmes, gebuer de 26.
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Februar">26. Februar 1881 zu Paräis a gestuerwen den 22. September 1967 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ekonomist an Historiker.
Albert Calmes | |
---|---|
Gebuertsnumm | Albert Théodore Calmes |
Gebuer | 26. Februar 1881 Paräis |
Gestuerwen | 22. September 1967 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Ekonomist, Banquier, Universitéitsprofesser |
Famill | |
Bestuet mat | Jeanne Reuter |
Kanner | Christian Calmes |
Hie war ee vun den éischten, déi mat engem Doktertitel an der Ekonomie vun der Universitéit op Lëtzebuerg heemkomm sinn. Virdrun hat hien op Unien an der Schwäiz an an Däitschland enseignéiert. Hie gouf Direkter bei der Arbed a krut den Titel Ministre plénipotentiaire honoraire.
Als Historiker huet den Albert Calmes sech besonnesch mat der Geschicht vu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert befaasst. Hie war vun 1949 un den éischte President vun der lëtzebuergescher Unesco-Kommissioun, nodeems Lëtzebuerg zwee Joer virdrun der Unesco bäigetruede war.
Hie war bestuet mat der Jeanne Reuter an de Papp vun ë. a. dem Christian Calmes.
Nom Albert Calmes ass eng Strooss um Zens an der Stad Lëtzebuerg genannt ginn; se geet als Sakgaass vun der Tréierer Strooss fort.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Albert Calmes, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.