Den Émile Hulten, gebuer de 5.
August">5. August 1914 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen och do den 8. Mee 1969 bei engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.
Émile Hulten | |
---|---|
Gebuer | 5. August 1914 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 8. Mee 1969 Esch-Uelzecht |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Hien huet an der Handwierkerschoul an der Stad studéiert. Duerno huet hien Holzschnëtzerei an enger Fachschoul zu Oberammergau geléiert. Hie war éischter Autodidakt a war dofir nëmme ganz kuerz zu Paräis op der École d'Art Décoratif fir sech kënschtleresch weiderzebilden. Fir hien hat dat handwierklecht Kënne Virrang iwwer dat kënschtlerescht.
Hien huet op Bestellung am Holz, Schifer, Leem, Gips a Goss geschafft. D'Bestellunge waren haaptsächlech reliéis Statuen a Relieffer, wat awer net verhënnert huet datt hien och Miwweldekoratiounen a soss Verzierunge gemaach huet.
Den Émile Hulten war am Zweete Weltkrich Member vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Scouten. Duerno huet hien als fräischafende Kënschtler geschafft.
1957 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Émile Hulten, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.