Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 ginn déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2024-2029 vertrieden.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Si ginn den 9. Juni 2024 ofgehalen, parallel zu deenen an den aneren EU Länner, déi tëscht dem 6. an 9. Juni 2024 organiséiert ginn.
Am Ganzen hu xx Kandidaten op de Lëschte vun 13 Parteie kandidéiert.
Den 11. Abrëll 2024 goufen d'Nummere fir déi 13 Lëschten, déi bei den Europawalen untrieden, ausgeloust, mat dësem Resultat:
...
Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme ofginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Déi kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht) oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder op verschiddene Lëschte stinn („Panachage“).
D'Wale fir d'Europaparlament sinn zu Lëtzebuerg obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer. Och Bierger vun aneren EU-Staaten, déi op d'mannst 2 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, kënne sech op d'Wielerlëschten androen a matwielen. Si dierfen dann awer net och nach am Land, wou se hierkommen, wielen.
Commons: Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-->
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.