Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1999-2004 vertrueden hunn.
Si goufen den 13. Juni 1999 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1999, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
Par Rapport zu de Wale vun 1994 ass d'Sëtzverdeelung onverännert bliwwen.
Fir d'Wale waren 228.712 Wieler ageschriwwen, dovun hunn der 199.579 (87,27%) gewielt an et goufen 1.015.441 gëlteg Stëmmen.,
Partei | % | Sëtz |
---|---|---|
CSV (Chrëschtlech Sozial Vollekspartei) | 31,65 | 2 |
LSAP (Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei) | 23,58 | 2 |
DP (Demokratesch Partei) | 20,45 | 1 |
Déi Gréng | 10,73 | 1 |
ADR (Aktiounskomitee fir Demokratie an Rentengerechtigkeet) | 8,98 | 0 |
GaL (Gréng a liberal Allianz) | 1,83 | 0 |
Déi Lénk | 2,78 | 0 |
Total | 100 | 6 |
A Gréngschrëft stinn déi Deputéiert déi no der Validatioun an der Chamber genannt goufe fir Lëtzebuerg am Europaparlament ze vertrieden
Partei | Numm | Stemmen | |
CSV | Jean-Claude Juncker | 29 700 | Premierminister; Staatsminister; Finanzminister vun der Regierung Juncker-Polfer |
EVP | Jacques Santer | 26 596 | |
Luc Frieden | 15 127 | Justizminister; Budgetsminister | |
Viviane Reding | 14 646 | Member vun der Europäescher Kommissioun. | |
EVP | Astrid Lulling | 13 767 | nogeréckelt |
LSAP | Alex Bodry | 14 181 | verzicht |
SPE | Robert Goebbels | 12 247 | |
SPE | Jacques Poos | 10 782 | nogeréckelt |
DP | Charles Goerens | 19 372 | Minister fir Kooperatioun an humanitär Hëllef; Verdeedegungsminister; Ëmweltminister |
Lydie Polfer | 18 455 | Ausseminister vu Lëtzebuerg | |
ALDE | Colette Flesch | 9 518 | nogeréckelt |
Déi Gréng | Camille Gira | 10 023 | verzicht |
François Bausch | 6 004 | verzicht | |
Renée Wagener | 4 264 | verzicht | |
Jean Huss | 4 104 | verzicht | |
Robert Garcia | 3 824 | verzicht | |
Adri van Westerop | 2 526 | verzicht | |
EGP | Claude Turmes | 2 124 | nogeréckelt |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 (Lëtzebuerg), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.