Verrouillage central ass e Kuerzfilm vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 2001.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 2001 |
Dauer | 11 min. |
Format | 35 mm - 1.85 |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Geneviève Mersch |
Dréibuch | Geneviève Mersch, Anne Fournier |
Fotografie | Virginie Saint Martin |
Musek | Olivier Thomas |
Schnëtt | Pia Dumont |
Produzent | Claude Waringo |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Films |
Schauspiller | |
Aylin Yay: Cathy Gaëtan Wenders: Dramprënz Serge Larivière: Prënz Roger Neckelbrouck | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
D'Cathy ass Singel a Romantikerin. All seng Aarbechtskolleeginnen a Frëndinnen aus dem Coiffeurssalon si bestuet, an säi Gebuertsdag fält och nach grad op Vältesdag. Wéi hat eng magesch Formel entdeckt, fir säin Dramprënz ze fannen, zéckt hat net fir se ze gebrauchen, mee well deen éischten näischt ass, probéiert hat direkt nach e puermol.
Fir Verrouillage central krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 300.000 Lëtzebuerger Frang fir d'Dréibuch vum Film ze schreiwen. D'Joer drop koum e weidere Subside vu 3,5 Millioune Frang fir d'Produktioun vum Kuerzfilm dobäi, an 2001 eng « Aide à la promotion » vu ronn 5.500 Euro.
De Film gouf ënner anerem 2001 um Bréisseler Kuerzfilmfestival gewisen.
Um franséische Festival international de films de femmes zu Créteil krut en de "Prix Beaumarchais" als beschte franséischssproochege Kuerzfilm.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Verrouillage central, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.