Shintō

Shintō (japanesch 神道, iwwersat: Wee vun de Gëtter) - och Shintoismus genannt, ass eng Relioun, déi bal exklusiv a Japan praktizéiert gëtt.

Shintō Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Shintō
Shintō Symbol
Shintō
Shintō Priisteren

Shintō ass net einfach ze beschreiwen, well en eng grouss Diversitéit vu regional verschiddene Kulten an iwwerliwwerte Glawensformen aschléisst. De Shintō ass a Japan zesumme mam Buddhismus déi gréisst Reliounsgemeinschaft. Shintō besteet aus enger Usammlung vu ville reliéise Kulten a Glawensformen, déi sech un den eenheemesche Gottheeten (Kami) orientéieren. D'Kami sinn zueleméisseg onbegrenzt a kënnen d'Form vu Mënschen, Déieren, Géigestänn oder abstrakte Wiesen hunn. Shintō gëllt dofir och als eng polytheistesch, animistesch oder och theophanistesch Relioun.

Gebaier oder Veréierungsplaze vum Shintō gi Shintō-Schräiner genannt. Un der Spëtzt vun der Schräinhierarchie steet en Ise-Schräin, wou d'Sonnegottheet Amaterasu veréiert gëtt, déi gläichzäiteg als Grënnerin vum japanesche Keeserhaus, an als Virgängerin vum Tennō, gëllt.

Shintō am alldeegleche Liewen

Shintō besteet aus der Léier, datt all d'Liewen op der Welt aus der Natur ofstamt an dohin och erëm zeréckgeet. Egal op Mënsch, Déier oder Planz, alles lieft nëmme fir eng bestëmmten Zäit an no där Zäit féiert alles erëm zeréck zum grousse Liewen. Déi al Kategorië vum Gudden a vum Béise gëtt et sou, ënner där Aart, am Shintoismus net. Et geet méi ëm d'Ritualer vum reng an onreng sinn, déi praktizéiert ginn.

D'buddhistesch Tempelen an d'Shintō-Schräiner sinn dacks zesummegewuess an déi iwwertéinen doduerch dacks de Shintōkult. Scho bei der Gebuert vun engem japanesche Kand ass et Brauch, datt d'Kand dem Kami vum Shintō-Schräin virgestallt gëtt. Méi spéit dann, bei der Verlobung, gëtt et shintoistesch Bräich, bei der Hochzäit awer gëtt sech vill um chrëschtlesche Modell inspiréiert. D'Begriefnes gëtt meeschtens vun engem buddhistesche Mënch gehalen.

D'Relioun Shintō

D'Reliounen, sou wéi de Shintō a Japan, de Konfuzianismus an de Buddhismus ginn als Eenheet ugesinn, déi op ee Ganzt bezu ginn.
D'Japaner halen dësen Ëmstand net fir géigesätzlech, et ass fir si méi wichteg, verschidde Vuen niefteneen existéieren ze loossen.

Dat Entscheedend ass net, wéi eng Relioun d'Virmuecht kritt. Fir vill Japaner féiert dës Vue zum Gefill datt de Shintoismus an de Buddhismus éischter e Gefill duerstelle wéi eng Relioun.
De Shintoismus aus Japan schéngt op den éischte Bléck bëssen duercherneen, mä mat der Zäit gëtt däitlech, datt de Shintoismus a Japan eng déifgräifend Systematik a sech huet, déi virun allem doduerch bewierkt gëtt, datt de Shintoismus a Japan als konspirativ Léier an der Analogie zum esoteresche Buddhismus verstane gi muss. Ënner dësem Bléckwénkel kënnen am Shintoismus d'Naturritualer an d'Gëtterveréierung betruecht ginn. D'Gëtter, oder och d'Gottheet, kënnen alles an näischt sinn, oder Naturgewalten, Fielsen, Planzen an Déieren.

Dat Entscheedend ass d'Muecht vun der Gottheet (Kami), net op gutt oder béis Gëtter. Et kënnt dorop un, sech mat der Gottheet gutt ze stellen an dësen Drang duerch déi entspriechend Riten a Bräich vum Shintoismus ze verkierperen.

Lëscht vu wichtege Gëtter

  • Amaterasu-ō-Mikami
  • Abe Kamui
  • Ame no Koyane
  • Amatsuhiko Ho no Ninigi no Mikoto
  • Benten
  • Bishamon
  • Daikoku
  • Ebisu
  • Emma-o
  • Fukurokuju
  • Hachiman
  • Hoderi no Mikoto
  • Hoori no Mikoto
  • Hotei
  • Inari
  • Izanagi an Izanami
  • Jurōjin
  • Magatsuhi-no-kami
  • Ōkuninushi no Mikoto
  • Shichi Fukujin (Déi 7 Glécksgëtter)
  • Susanoo no Mikoto
  • Tenjin
  • Tsukiyomi no Mikoto

Um Spaweck

Commons: Shintō – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Shintō am alldeegleche LiewenShintō DRelioun Shintō Lëscht vu wichtege GëtterShintō Um SpaweckShintōJapanJapaneschRelioun

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

GoldstandardPsychologieFC PortoWaldbëlleger AffärGroussherzog vu LëtzebuergSaudiarabienEise PappLaosLissabonRobert SchumanBleachKrichPierre RauschDéi GréngLee Van CleefMoldawienStamm (Biologie)Frédéric ZeimetUn der Atert23. JuniDëppegéisser (Museksgrupp)Grand EstTelekommunikatiounLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenD'Pierle vum DaWëllem IV. vu LëtzebuergVulvaEuropäesch CommunautéitenKulturzentrum KulturfabrikElisabeth vun Éisträich-UngarnFC KehlenKënzegAlbert BorschetteMinistère vun den ongeléiste ProblemerWeltgesondheetsorganisatiounCharles ArendtGaston ReineschGrenzerkierch Esch-UelzechtZeie vum JehovaGriichelandRégis MoesMullebutzAli RuckertPol LeursSilizium1978American Horror StoryAlfred HitchcockCapellenFC Déifferdeng 03Christian WeisFC Syra MensterSchlesienFort RubamprezBiergerdagLiichtmëssdagPéckvillchenCoupe de Luxembourg (Foussball)Marie HeinzFélix BrazZeilespronkverfahrenTschechesch RepublikPhilippe SchneiderSarah SchreiberSammy WagnerChrëschtlech-Sozial VolleksparteiPierre FriedenMyriam Spiteri Debono🡆 More