Sailor Moon (japanesch: 美少女戦士セーラームーン -; bishōjo senshi sērā mūn) ass den Titel vun enger Anime-Serie, déi ursprénglech e Manga vun der japanescher Zeechnerin Naoko Takeuchi war.
Si kann zum Magical Girl-Genre gezielt ginn. No de Simpsons an de Flintstones ass Sailor Moon weltwäit déi drëtterfollegräichst Zeechentrickserie vun allen Zäiten, an huet virun allem an Däitschland derzou bäigedroen, datt sech den Anime-Genre etabléiere konnt, deen a Frankräich zum Beispill scho méi fréi ganz populär war.
Serie | |
---|---|
Produktiounsland | Japan |
Dauer | 20-25 |
Originalsprooch | Japanesch |
Follgen | 200 |
Éischt Folleg | 7. Mäerz 1992 |
Ekipp | |
Iddi | Naoko Takeuchi |
Produzent | Jun'ichi Satoh Kunihiko Ikuhara Takuya Igarashi |
Schauspiller |
D'tollpatschegt Meedche Bunny (am Original Tsukino Usagi) begéint enges Daags der Kaz Luna, déi schwätze kann. Dës Kaz erzielt dem Bunny seng Beruffung: eng Sailor-Krigerin fir Léift a Gerechtegkeet ze sinn, a géint dat Béist ze kämpfen.
Sailor-Krigerinne sinn d'Beschützer vun de Planéiten am Universum. Eigentlech huet all Liewewiesen e sougenannte Stärekristall an sech. Wa sech e Meedche staark genuch erweist, gëtt aus dem Stärekristall e Sailorkristall, a si ka sech an eng Sailorkrigerin verwandelen, fir hiren Heemechtplanéit ze beschützen. Sou gesinn huet all Planéit eng Sailorkrigerin - mat Ausnam vun der Äerd. Dat ass och net noutwenneg, well si gëtt vu baussen duerch d'Moundräich a vu bannen duerch d'Goldräich geschützt. De Prënz vun der Äerd, den Endymion oder Mamoru, representéiert d'Äerd amplaz vun enger eegener Sailor-Krigerin.
Offiziell Säit vu Sailor Moon (ja)
Commons: Sailor Moon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sailor Moon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.