Service De Renseignement De L'état: Lëtzebuerger Inland-Geheimdéngscht

De Service de renseignement de l'État (bis 2004: Service de renseignements, an der Méizuel), als Akronym gëtt meeschtens SREL gebraucht) am Volleksmond och alt Spëtzeldéngscht genannt, ass de Lëtzebuerger Inland-Geheimdéngscht.

Service de Renseignement de l’État du Luxembourg
Service De Renseignement De L'état: Roll, Direkteren, Dysfonctionnementer
Land Lëtzebuerg
Leedung Doris Woltz
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 207-211 route d'Esch
L-1471 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Staatsministère
Gegrënnt 30. Juli 1960
Um Spaweck https://sre.gouvernement.lu/fr.html, https://sre.gouvernement.lu/de.html, https://sre.gouvernement.lu/en.html, https://sre.gouvernement.lu/lb.html
Service De Renseignement De L'état: Roll, Direkteren, Dysfonctionnementer

Roll

Seng Funktioune sinn duerch d'Gesetz vum 5. Juli 2016 gereegelt. En ënnersteet deem Minister, deen de Staatsrenseignement a sengen Attributiounen huet, an deemno am Moment dem Premierminister.

De Service soll vun enger Chamberkommissioun kontrolléiert ginn, déi aus de Fraktiounspresidente besteet an déi sech zanter dem Abrëll 2005 reegelméisseg trëfft. D'Kommissioun kann déi generell Aktivitéiten vum SRE kontrolléieren a spezifesch Dossieren ënner d'Lupp huelen. Zu dësem Zweck huet d'Chamberkommissioun d'Recht iwwer alles informéiert ze ginn an huet Zougrëff op all Dokumenter, déi hir an der Ausübung vun hire Missioune wichteg erschéngen, mat Ausnam vun deenen Dokumenter, déi kéinten d'Identitéit vun enger Source vum Service de renseignement bekannt ginn oder déi enger Drëttpersoun kéinte schueden.

D'Publikatioun vun engem alljärleche Rapport iwwer d'Aktivitéite vun der Kontrollkommissioun sollt fir méi Transparenz suergen.

De Service de renseignement ka bis maximal 60 fest Mataarbechter hunn.

Aus Preventiounsgrënn huet de Service de renseignement haaptsächlech als Missioun all Aktivitéiten ze recherchéieren, z'analyséieren an nozegoen, déi d'Sécherheet vu Lëtzebuerg kéinte kompromettéieren. Dat gëllt och wann d'Sécherheet vun engem Staat a Gefor ass, un dee Lëtzebuerg duerch en Accord am Kader vun enger gemeinsamer Verdeedegungspolitik gebonnen ass. Dëst trëfft och bei internationalen Organisatiounen zou, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn oder hir Missioune vu Lëtzebuerg aus leeden, sou wéi och am Kader vun internationale Relatiounen oder vu wëssenschaftlechem oder ekonomeschem Potenzial vum Groussherzogtum.

Mam Begrëff „Aktivitéit déi d'Sécherheet vum Land kompromettéiert“ si virun allem déi Aktivitéite gemengt, déi kéinten am Zesummenhang mat Spionage, mam Amësche vun enger auslännescher Muecht a Staatsaffären, mat Terrorismus, mat der Verbreedung vun net konventionelle Waffesystemer an den dozou gehéierenden Technologien oder mat der organiséierter Kriminalitéit, an deem Mooss, wou se sech am uewegenannte Kader beweegt, ze dinn hunn.

Doriwwer eraus ass de Service de renseignement domat beoptraagt, d'Sécherheet vun de klassifizéierten Dokumenter ze sécheren a fir d'Sécherheetsermëttlungen duerchzeféieren, déi vum Gesetz virgesi sinn oder déi duerch internationaalt Recht ofgeleet sinn.

Dem Service seng offiziell Adress ass de Bâtiment St Louis, 207-211 op der Escher Strooss an der Stad.

Direkteren

Lëscht vun den Direktere vum SRE, vun den Entrée en vigueur vum Gesetz vun 1960 un:

Direkter vun bis
Jean-Pierre Brasseur 30.07.1960 28.02.1962
Roger Hoffmann 09.03.1962 17.03.1978
Eugène Schockmel 01.08.1978 30.04.1985
Charles Hoffmann 26.04.1985 01.12.2003
Marco Mille 17.12.2003 28.02.2010
Patrick Heck 01.03.2010 31.12.2015
Doris Woltz 01.01.2016 01.06.2024
Jeanne Schumacher 01.06.2024

Dysfonctionnementer

Am November 2012 ass de Service de renseignement am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affär duerch verschidden Aussoe vu sengem fréiere Chef Marco Mille an d'Schlagzeile komm.

Eng parlamentaresch Enquête-Kommissioun gouf doropshin opgesat, déi déi jorelaang Mëssstänn bannent dem SREL, déi am Wochentakt vun der Press opgedeckt goufen, an d'politesch Responsabilitéit dofir, opgeschafft huet.

Ofschlossrapport vun der SREL-Enquêtekommissioun

Den Ofschlossrapport gouf de 5. Juli 2013 virgeluecht an den 10. Juli an der Chamber debattéiert. Doropshin huet de Premierminister Jean-Claude Juncker (CSV) festgestallt, datt souwuel déi meescht Oppositiounsparteien wéi och de Koalitiounspartner LSAP sech fir Neiwalen ausgeschwat hunn, an huet ugekënnegt, de Grand-Duc deen Dag drop doriwwer z'informéieren.

Mëssstänn, déi am Rapport ervirgehuewe goufen:

Service De Renseignement De L'état: Roll, Direkteren, Dysfonctionnementer  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

Service De Renseignement De L'état RollService De Renseignement De L'état DirekterenService De Renseignement De L'état DysfonctionnementerService De Renseignement De L'état LiteraturService De Renseignement De L'état Um SpaweckService De Renseignement De L'étatAkronymLëtzebuerg (Land)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

NordmazedonienBurkina FasoEnglesch FoussballnationalekippHenri GrethenInformatikChamber1989WikipediaTelekommunikatiounMaurice MolitorTroublemakerLëtzebuerg (Land)Boulevard d'AvranchesCoco Chanel2024Guy RosenDoctenaFernand BertemesRené ArendSpuenienGarri Kimowitsch KasparowFedil - The Voice of Luxembourg's IndustryEnglandLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenMichel GretschScutum (Stärebild)KontraktLéon LavalVeianenUkraineschMilitärHaaptsäitJohny JaminetDemokratesch ParteiEuropäesch UniounWalbezierker zu LëtzebuergColumba (Stärebild)Jean AsselbornHenri vu LëtzebuergJuegd zu LëtzebuergDurchs wilde Kurdistan (Film)Mia MalkovaSkypeChristianne WicklerHugenottenSarah SchreiberTom KergerEdmond WagnerMonaco22. AbrëllSneaky PeteJottzéjottInterstellarLéiftPol LeursAloyse KayserDjerbaRousegäertchenPerseus (Stärebild)Däitsch Demokratesch RepublikWill SmithMythologieBlogOeillets-RevolutiounÄerd2005🡆 More