Südafrikanesche Grenzkrich

De südafrikanescher Grenzkrich (op Englesch: South African Border War), och nach namibeschen Onofhängegkeetskrich oder angolanesche Buschkrich genannt, war e Konflikt an Namibien (dem deemolege Südwestafrika), Sambia an Angola, dee vum 26.

August 1966 bis zum 21. Mäerz 1990 gedauert huet. D'Haaptkrichsparteie waren d'South African Defence Force (SADF) an d'People's Liberation Army of Namibia (PLAN), de bewaffnete Flillek vun der South West African People's Organisation (SWAPO). Am Kader vum südafrikanesche Grenzkrich gouf et e puer vun de gréisste Schluechten um afrikanesche Kontinent zënter dem 2. Weltkrich. De Krich war enk mam angolanesche Biergerkrich verwieft.

Südafrikanesche Grenzkrich
Protestaktioun 1981 zu Amsterdam géint d'südafrikanesch Aktivitéiten a Südwestafrika/Namibien an an Angola
Südafrikanesche Grenzkrich
Konvoi vun der South African Defence Force a Südwestafrika/Namibien

Oflaf

Südafrikanesche Grenzkrich 
Sowjetesche Militärberoder am Angola

Nodeems d'SWAPO e puer Joer laang ouni Succès Petitioune fir d'Onofhängegkeet vun Namibien bei de Vereenten Natiounen a beim Internationale Geriichtshaff agereecht hat, huet si 1962 d'PLAN gegrënnt, déi materiell Ënnerstëtzung vun der Sowjetunioun, der Volleksrepublik China a sympathiséierenden afrikanesche Staate wéi Tansania, Ghana an Algerie krut. Am August 1966 goufen et déi éischt Kämpf tëscht der PLAN an de südafrikaneschen Autoritéiten. Tëscht 1975 an 1988 huet d'SADF reegelméisseg massiv Iwwerraschungsugrëff am Angola an a Sambia lancéiert, fir der PLAN hir operativ Basen ze zerstéieren. Si huet och Unitéiten agesat, déi op Opstandsbekämpfung spezialiséiert waren an déi trainéiert ware fir Guerillabeweegungen (wéi d'PLAN) z'erkennen an ze verfollegen.

Am Laf vum Krich sinn déi südafrikanesch Taktiken ëmmer méi aggressiv ginn. Bei de SADF-Inkursiounen an Angola sinn Angolaner gestuerwen a Wirtschaftsstrukturen, déi besonnesch wichteg fir d'angolanesch Ekonomie waren, zerstéiert ginn. Donieft huet sech eng Allianz tëscht de Südafrikaner an der angolanescher Rebellegrupp UNITA entwéckelt, déi vu Südafrika mat de Waffe beliwwert ginn ass, déi déi vun der PLAN geraibert haten.

Fir den Iwwerraschungsugrëffer an der Allianz tëscht de Südafrikaner an der UNITA en Enn ze setzen huet d'Sowjetunioun d'angolanesch Arméi an den 1980er mat engem grousse Kontingent vu Militärberoder a Verdeedegungstechnologien am Wäert vun e puer Milliarden US-Dollar ënnerstëtzt. Och dausende kubanesch Zaldoten hu si ënnerstëtzt. Vun 1984 un, konnte regulär angolanesch Unitéiten ënner sowjeteschem Kommando d'SADF konfrontéieren. Mat dem Lusakaofkommes gouf et eng kuerz Paus am Krich tëscht Angola a Südafrika, mä d'Kämpf sinn am August 1985 weidergaangen, well souwuel d'PLAN wéi och d'UNITA vum Waffestëllstand profitéiert hu fir hir eege Guerillaaktivitéiten ze verstäerken. Dat huet zu enger Intensivéierung vun de Kampfoperatioune vun der angolanescher Arméi gefouert an ass schliisslech an der Schluecht vu Cuito Cuanavale kulminéiert.

Enn vum Krich

Nom Tripartiteofkommes, bei deem d'USA vermëttelt hunn an dat festgehalen huet, datt d'Kubaner hir Truppen aus Angola an d'Südafrikaner hir Truppen aus Südwestafrika ofzéie géifen, war de südafrikanesche Grenzkrich sougutt wéi eriwwer. D'PLAN huet hir lescht Guerillacampagne Enn Mäerz 1989 lancéiert. Südwestafrika krut seng formell Onofhängegkeet als Republik Namibien ee Joer méi spéit, den 21. Mäerz 1990.

Kulturellen Impakt

Obwuel e sech haaptsächlech an den Nopeschlänner ofgespillt huet, hat de südafrikanesche Grenzkrich e bedeitende kulturellen a politeschen Impakt op d'südafrikanesch Gesellschaft. Dem Land seng Apartheid-Regierung huet grouss Efforte gemaach fir de Krich als Deel vun engem Programm duerzestellen, dee sech géint de regionale sowjeteschen Expansionismus géif riichten; a si huet e benotzt fir antikommunistesch Ressentimenter ze provozéieren. E bleift en integralen Theema an der südafrikanescher Literatur am Allgemengen an an der afrikaanssproocheger Literatur am Besonneschen, an där e spezielle Genre entstanen ass, dee "Grenzliteratur" (grensliteratuur) heescht.

Um Spaweck

Commons: Südafrikanesche Grenzkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Südafrikanesche Grenzkrich OflafSüdafrikanesche Grenzkrich Enn vum KrichSüdafrikanesche Grenzkrich Kulturellen ImpaktSüdafrikanesche Grenzkrich Um SpaweckSüdafrikanesche Grenzkrich2. WeltkrichAngolaAngolanesche BiergerkrichNamibienSWAPOSambia

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Schmidt-TeleskopAlbert Thill (Resistenzler)MeesebuergPtolemäerPaul LeschGerlinde LockerSiderurgie zu LëtzebuergNorth CarolinaNeipuertsgaassAirbus A350Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/FinallFrançoise KempArmand StrainchampsBuergermeeschterJakartaLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng MierschItalieeneschAsienGreat PlainsNeveuHaaptsäitStater KolléischLeo TrotzkiTerroruschléi vum 11. September 2001 an den USATom HiddlestonLuxLeaksHollännesch Gulden22. JuliHaaptsäit/Op engem/MäerzRepublik KongoPartito DemocraticoEdwin Foster CoddingtonPhilippe Henri BlasenJoseph Charles NamurHämelmaous-LéidLëscht vun de Weekapellen zu LëtzebuergDschingis KhanSacramento (Kalifornien)2016Alternativ Demokratesch ReformparteiGëlle FraFernand Wark1736Lidia BiondiKobaltMetropol LyonHollännesche GuldenGuy RewenigRusslandPoison (Film 2023)AralséiEtchika Choureau25. JanuarGemeng DiddelengChristian WeisBrasilienJangliFrancis of DeliriumEngleschAva GardnerApple iPhoneMichael MaurerParc Tony-NeumanTony NeumanFélix ChoméKlierf (Baach)Richard I. vun EnglandEtta James🡆 More