De Richard Robert Ernst, gebuer de 14.
August">14. August 1933 zu Winterthur, an och do de 4. Juni 2021 gestuerwen, war e Schwäizer Cheemiker. Hien huet 1991 den Nobelpräis fir Chimie kritt.
Richard R. Ernst | |
---|---|
Gebuer | 14. August 1933 Winterthur |
Gestuerwen | 4. Juni 2021 Winterthur |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun | ETH Zürich |
Aktivitéit | Chimist, Fuerscher |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea, American Physical Society, Royal Society |
No sengem Chimiesstudium op der ETH Zürich, dat en 1962 mat enger Dissertatioun iwwer d'Theema Kernresonanz-Spektroskopie mit stochastischen Hochfrequenzfeldern ofgeschloss huet, huet de Richard R. Ernst bei der Firma Varian Associates zu Palo Alto, a Kalifornien geschafft, wou en d'magnéitesch Kärspinresonanz (NMR)-Fourierspektroskopie, d'Rauschentkopplung a weider Methoden entwéckelt huet. 1968 goung en hannescht op d'ETH Zürich an huet do eng Fuerschungsgrupp an der NMR-Spektroskopie opgebaut. Hien huet d'Entwécklung vun der medezinescher Magnéitresonanz-Tomographie stimuléiert. Fir seng Avancen an der Entwécklung vun der héichopgeléister magnéitescher Kärresonanz-Spektroskopie (NMR) krut en 1991 den Nobelpräis fir Chimie. 1998 ass en emeritéiert.
Commons: Richard Ernst – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Richard R. Ernst, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.