De Péiter Onrou ass eng liewensgrouss Statu, déi an enger Grott am Crispinusfiels am Eecher Bierg, an der Stad läit.
Vun der Kräizung Eecher Bierg / Rue des Glacis féiert eng Trap biergop bei d'Grott an da weider bis an de Boulevard Paul Eyschen.
Péiter Onrou, och: Beim groussen Härgott | |
---|---|
D'Grott vum Péiter Onrou mat, uewendriwwer, dem "Groussen Härgott" | |
An anere Sproochen | de: Peter Unruh |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Koordinaten | 49° 37’ 09.9’’ N 06° 07’ 48.2’’ O |
D'Grott war héchstwarscheinlech déi lescht Statioun vun engem Kräizwee aus dem 17. Joerhonnert, dee vum Sichegronn bis bei de Crispinusfiels geféiert huet. Dëse Kräizwee ass op engem Plang vu 16?? agezeechent, deen an der éisträichescher Nationalbibliothéik läit.
De Site vum Péiter Onrou gouf den 9. November 2017 als nationaalt Monument klasséiert.
Krispines geet op den Hellege Crispinus zeréck, de Patréiner vun de Gierwer a Schouster, vun deenen der en ettlech um Lampertsbierg gewunnt hunn.
Den Numm Péiter bezitt sech op de Péiter vu Mailand an d'Onrou kënnt dohier, datt en Onrou bei deene Männer sollt ervirruffen, déi hirer Fra oder Frëndin ontrei gi sinn.
Enger anerer Theorie no, geet den Numm Péiter op de Peter Marlé zeréck, deen um Kadasterplang vun 1811 de Proprietär vum Terrain nieft dem "groussen Härgott" war. Wéinst dem Bau vun der Strooss huet dem Marlé säin Haus am haitegen Eecher Bierg missen ofgerappt ginn. Den Numm Péiter Onrou kéint dohier kommen.
D'Plaz huet nach aner Nimm: Beim groussen Härgott, Peter Onrou, Krispinusfiels, fréier och Petit Marly.
Den Numm Groussen Härgott bezitt sech net op d'Statu, déi läit, mä op d'Kräiz, dat uewendriwwer steet.
D'Statu selwer huet keng Attributer an et gëtt ugeholl, datt se de Christus duerstelle soll. Anere Quellen no, handelt et sech ëm de Läichnam vum Hl. Crispinus.
Déi ursprénglech Statu vum Péiter Onrou aus dem 17. Joerhonnert war geklaut ginn, a se gouf dunn am 19. Joerhonnert ersat. Dës „nei“ Statu ass am Krich vum Albert Hames restauréiert ginn a koum an de Musée. An der Grott läit deemno eng Kopie dovun.
Mat der Statu ass eng Traditioun an en Awerglawe verbonnen: Dofir goufen a ginn alt ëmmer nees Käerze beim Péiter opgestallt, an déi Nolen oder Spéngele gepickt ginn. Beim Ofbrenne vun der Käerz gëtt d'Spéngel gliddeg a spréngt of. Den Ontreie sollt an deem Ament, sou wëll et den Awerglaf, och e Stéch spieren an "onroueg" ginn. Duerch déi Käerzen ass d'Statu dann och plazeweis ugebrannt.
Commons: Péiter Onrou – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Péiter Onrou, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.