Puppis A ass e Supernovarescht am Stärebild Puppis.
Hien ass entstanen duerch eng Supernova-Explosioun virun 3.700 Joer an huet elo en Duerchmiesser vu 10 Liichtjoer. De Supernovarescht iwwerdeckt sech visuell mat deem vun der Vela-Supernova, ass awer véiermol sou wäit ewech.
Röntgeoto vum Neutronestär an de Supernovaremanents Puppis A: D'Chandra Dräifaarwebild (inset) ass eng Regioun vum Supernovarescht Puppis A (ROSAT, blo). D'ROSAT-Bild huet e Wénkelberäich vun 88 Bouminutten. D'Röntgenenergien 0.4-0.7 keV si rout, 0.7-1.2 keV gréng an 1.2-10 keV blo duergestallt. | |
Stärebild | Puppis Pup |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 08h 24m 07s |
Deklinatioun | - 42° 59' 48" |
Ausgesinn | |
Wénkelduerchmiesser | 1° |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 7.000 Lj |
Geschicht | |
Entdeckungsdatum | 1971 |
De Puppis A ass ee vun den hellsten Himmelsobjeten am Röntgenberäich. Duerch Observatioune mat dem Röntgensatellit ROSAT konnt deen duerch d'Supernova aus dem Virgängerstär entstanene Neutronestär identifizéiert ginn. Dëse beweegt sech mat enger ganz héijer Vitess vu 5 Millioune Kilometer pro Stonn an ass weeder optesch nacht radioastronomesch noweisbar.
D'Puppis A gouf ëm 1950 als Radiosquell observéiert, kuerz drop konnt hir am optesche Beräich en Niwwel bäigeprafft ginn, an et gouf e Glach mat Cassiopeia A erkannt. Opgrond vun der Radioemissioun am Ausgesinn gouf Puppis A Enn vun den 1960er als Supernovarescht identifizéiert.
D'Röntgenemmissioun vum Puppis A gouf mat Héichtefuerschungsrakéiten 1970 an 1971 observéiert, déi lescht als Puppis X-1 verzeechent. Eng Observatioun mam Uhuru-Satellit mat der Referenz 2U 0821-42 am Joer 1972 publizéiert.
Vill Studie goufe bis elo vu Puppis A gemaach. Ënnersich am Infraroutberäich goufe beispillsweis mam Spitzer-Weltraumteleskop a mat dem Wide-field Infrared Survey Explorer-Satellit gemaach. Bei dem leschten hu sech bal déi selwecht Strukture gewise wéi an de Röntgenënnersich an en däitleche Kontrast zu der eelerer Vela-Supernova.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Puppis A, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.